Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lucas Ferraz - Butterfly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn net stiefmütterlech behandelt ginn"

Behënnertesecteur

"Mir sinn net stiefmütterlech behandelt ginn"

D'Fondatioun Kräizbierg, ee vun de groussen Acteuren am Behënnerteberäich, war an hiren Installatioune bis elo mat kenger Corona-Infektioun konfrontéiert, seet den Administrateur Délégué Jeannot Berg. De Jeannot Berg deelt d'Aschätzung net, datt de Behënnerteberäich vun den Autoritéite wärend der Covid-Kris mat Momenter vergiess gi wier.

auto_stories

2 min

Déi strikt Confinements-Mesuren, déi Mëtt Mäerz decidéiert gi waren, hätte sech bezuelt gemaach: si wieren am grousse Ganzen och op eng grouss Akzeptanz gestouss, esou de Jeannot Berg. Wéinst der Responsabilitéit vun de Collaborateure wier d'Qualitéit vum Service oprecht erhale bliwwen.

Wat déi Period méi laang gedauert hätt, wollten d'Leit awer nees hiert normaalt Liewen zeréck, seet den Administrateur délégué. Hei wiere besonnesch déi Leit betraff gewiescht, déi autonom funktionéiere kënnen. Wärend der Kris wier een als Retter virum Virus ugesi ginn, mee den Deconfinement wier méi schwéier gewiescht. Hei hätt ee missten oppassen, datt een net wéi en Agent pénitentiaire am Prisong géif ugesi ginn.

Behënnertesecteur gouf net vergiess

Kriticken, datt Strukture fir Leit mat enger Behënnerung an der Covid-Kris net genuch Ënnerstëtzung vun der Regierung kritt hätten, deelt de Jeannot Berg net:

"Mir als Institutioun hunn net onbedéngt d'Gefill, datt mer do vergiess gi wären. Mir wëssen, datt mer net dee groussen Acteur am Secteur sinn, datt eben d'Alters- a Fleegeheemer vill méi eng Representativitéit hunn. Mee insgesamt, mengen ech, kann een awer soen, datt mer net stiefmütterlech behandelt gi sinn."

De Besoin ass grouss

D'Fondatioun Kräizbierg krut - wéi vill aner Associatioun an ONGen och - wärend der Covid-Kris vill manner Done wéi soss. Dat géif déi geplangten Investissementer an nei Infrastrukturen awer net a Fro stellen, mengt de Jeannot Berg.

"Am Laf vun deene leschte bal 40 Joer, déi d'Fondatioun existéiert, ass do ganz gutt gewirtschaft ginn, a mir hunn eng Rëtsch Récklagen, déi fir Investitioune kënne benotzt ginn", esou den Administrateur délégué. De Besoin no Infrastrukture fir Leit mat kierperlecher Behënnerung wier "extrem grouss", seet de Jeannot Berg, d'Waardelëschte wiere laang.

An de verschiddenen Infrastrukture vum Kräizbierg liewen oder schaffe méi wéi 250 Persoune mat physescher Behënnerung, a si ginn do betreit. Si gëllen, am Kontext Covid, alleguer als vulnerabel.