Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir steieren direkt op eng Pandemie zou"

Coronavirus

"Mir steieren direkt op eng Pandemie zou"

Et misst ee sech bewosst sinn, "datt mer riicht op eng Pandemie lassginn", seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Autoritéiten hätten d'Situatioun awer am Grëff, esou wäit dat an deem Zenario ebe méiglech wier.

auto_stories

2 min

De Maurice Molitor am Gespréich mat der Paulette Lenert

Et wier ee beschtens preparéiert op eng nächst Phas vun der Kris, seet d'Paulette Lenert. Besonnesch d'Spideeler wiere prett an och ekipéiert, fir Patiente mam neiaartege Coronavirus opzehuelen. An der nächster Phas, déi elo komme géif, misst ee sech drop gefaasst maachen, datt méi Leit hei am Land wäerte Komplikatiounen hunn.

"Do hu mer genuch Better. Mir hunn d'Chance, datt mer an der Moyenne méi Better pro Kapp hu wéi aner Länner. Dat ass ni eng absolut Garantie, mee mir sinn hei am Land relativ gutt opgestallt. Mir hunn och generell e gudde Gesondheetssystem. Dat kënnt engem an esou enger Situatioun zegutt."

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert rifft weider dozou op, net a Panik ze verfalen, dat géif an der aktueller Situatioun näischt hëllefen.

Privat Laboe sollen och kënnen Tester op de Virus maachen, dat géif awer net bedeiten, datt de Staatslabo un de Grenze vu senge Capacitéiten ukomm wier, seet d'Ministerin. Et géif och näischt um Prinzip änneren, datt just Leit getest ginn, déi déi duebel Konditioun erfëllen: aus enger Risikoregioun ze kommen a Symptomer ze hunn. Et wéilt een domat verhënneren, "datt mer iwwerlaf ginn", seet d'Paulette Lenert.

"Et kann een eng Pandemie net zu 100 Prozent kontrolléieren"

Wéi den éischte Fall vum neiaartege Coronavirus zu Lëtzebuerg festgestallt gouf, huet d'Ministerin gesot, datt een alles am Grëff huet. Mëttlerweil hätt een net méi dee selwechten Optimismus, "well d'Kris eng Kéier geholl huet an de leschte Wochen an Deeg, déi awer net jiddwereen esou virausgesinn huet", seet d'Paulette Lenert.

"An et muss een och wëssen: Mir gi wierklech riicht op eng Pandemie lass. Wann een d'Weltgesondheetsorganisatioun elo héieren huet, sti mer kuerz virdrun. An eng Pandemie definéiert sech doriwwer, datt ee se net zu 100 Prozent ka kontrolléieren."

Et kéint een an esou enger Situatioun net alles ënner Kontroll hunn, mee et kéint een awer preparéiert sinn. "An dat ass dat, wat mer ustriewen."

D'Ausbreede vum Virus wier net déi op déi liicht Schëller ze huelen, seet d'Paulette Lenert. "A si wäert och hire Präis hunn. Ech mengen, et ass evident, datt dat wäert Spueren hannerloossen." Et wier eng Illusioun ze mengen, datt Lëtzebuerg ofgekapselt wier. D'Gesondheetsministerin wëllt net ausschléissen, datt och eng Kéier eng Persoun zu Lëtzebuerg um Virus kéint stierwen.