Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Emergence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sti vläicht um Ufank vun der zweeter Well"

Corona-Pandemie

"Mir sti vläicht um Ufank vun der zweeter Well"

Et wier méiglech, datt Lëtzebuerg um Ufank vun enger zweeter Well steet, seet den Ulf Nehrbass. Dofir wier et wichteg, datt d'Massentester gemaach ginn, fir esou d'Infektiounsketten ze ënnerbriechen.

auto_stories

2 min

Den Ulf Nehrbass ass Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health (LIH) a Spriecher vun der Covid-19-Taskforce

Ob ee vun enger zweeter Well schwätzte kéint, wier eng Fro vun der Formulatioun. Wann d'Zuele prozentual weider klammen, kéint ee vum Ufank vun enger zweeter Well schwätzen. Den Ulf Nehrbass gëtt als Beispill eng Hausse vun zéng Prozent.

An de leschten Deeg waren e puermol méi wei zéng nei Infektioune festgestallt ginn. De Spriecher vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Taskforce huet drun erënnert, datt um Dag virum Lockdown am Mäerz 17 Leit positiv getest gi waren.

Et géif een net genee wëssen, wisou datt d'Zuel vun de positiven Tester géif klammen, mee grad dofir wier et wichteg, datt et déi Massentester gëtt, an datt d'Leit och dohi ginn. Soss géif ee riskéieren, datt een an eng änlech Situatioun géif komme wéi an Nordrhein-Westfalen.

D'Wichtegkeet vun de Massentester

Momentan ginn all Dag e puer Dausend Leit ageluede fir sech op den neiaartege Coronavirus testen ze loossen. Wann deen Test positiv ass, dat gëtt déi concernéiert Persoun gefrot, fir a Quarantän ze goen, well da wier et kloer, datt d'Infektiounsketten ënnerbrach gëtt. D'Inspection sanitaire géif dann och déi Donnéeë kréie fir e Contact Tracing ze maachen.

De Luxembourg Institute of Health hätt intern 1.000 Tester beim eegene Personal gemaach, an et hätt een do och ee positive Fall fonnt. "Das war statistisch zu erwarten", seet den Ulf Nehrbass. Spéider hätt een d'Personal nach eng Kéier getest a festgestallt, datt déi infizéiert Persoun, déi keng Symptomer hat, zwou weider Persounen ugestach huet. Déi wieren all dee selwechten Dag kontaktéiert ginn an a Quarantän gesat ginn. Dat géif weisen, wéi wichteg et ass, datt d'Infektiounsketten esou séier wéi méiglech muss ënnerbrach ginn.

Betraffe Leit gi séier kontaktéiert

Den LIH probéiert Leit, bei deenen den Test positiv ass, esou séier wéi méiglech ze kontaktéieren, dat ka bis zu 24 Stonnen daueren. An engem Fall hätt et méi laang gedauert, mee dat hätt dorunner geleeën, datt déi Persoun keng Matricule bei der Sécuricé sociale gehat hätt. Dat wier awer eng technesch Ausnam, preziséiert de Spriecher vun der Covid19-Taskforce.

De Luxembourg Institute of Health organiséiert déi Tester am Optrag vun der Regierung.