Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir waren den Dreckstipp vum ganze Land"

Keng Steewoll a keng weider Deponien

"Mir waren den Dreckstipp vum ganze Land"

D'Gemenge Suessem an Déifferdeng fuerderen d'Regierung op, d'Projete vun enger Steewollfabrik a vun zwou Deponien op hirem Territoire net ze genehmegen. Den héijen Energieverbrauch an déi staark Belaaschtung vun der Loftqualiéit géinge géint d'Steewollfabrik schwätzen. Bei den Deponië gëtt haaptsächlech eng Belaaschtung vun de Baache ronderëm a vum Grondwaasser gefaart.

auto_stories

2 min

Hie wär am August zejoert vum Interessi vu Knauf gewuer ginn, sech a senger Gemeng um Site Pafewee néierzeloossen, sot de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel. A schonn an den éischten Interviewen zum Thema hätt hie gesot, datt d'Gemeng prinzipiell net géint Entreprisë wier, déi nei Aarbechtsplaze géife schafen. Et wier ee fir eng Diversifikatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaft, mä géint zousätzlech Nuisancë fir d'Bierger an et géif ee sech och do dogéint wieren.

Knauf awer bréngt Nuisancen, an dofir gëtt sech ebe gewiert. Déi energie-intensiv Steewollproduktioun, déi och nach d'Loft mat schiedleche Gase wéi Stéckstoff- oder Schwiefeloxyder géif verpeschten, wier net Rifkin konform a konträr zu alle Klimapakt-Engagementer.

Et soll een net iwwerdreiwen, sot den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini. Hien huet mam Stéchwuert Ronnebierg drun erënnert, wat senger Gemeng an der Vergaangenheet schonn alles zougemutt gouf.

"Mir waren den Dreckstipp vum ganze Land. Mir wësse wou mir hierkommen, mir wësse wou de Räichtum geschaaft ginn ass, an et ass net, datt mir wëllen déi Industrien hei zoumaachen, mä heiansdo geet et awer duer."

De Problem vun de geplangten Deponië vun der Firma Cloos ass, datt si op oder nieft aner al Deponië solle kommen, déi ni sanéiert goufen. Dat geschitt awer nëmme wann d'Regierung déi zwou Deponien autoriséiere sollt. Mécht si dat, huet d'Gemeng Déifferdeng zwar ëmmer nach d'Méiglechkeet keng Baugenehmegung ze ginn, genee wéi och Suessem der Knauf Fabrik déi Autorisatioun verwiere kéint. Mä esou Refuse wäre viru Geriicht wuel net ze verdeedegen.

Lauschterenplay_arrow