Datt am aktuelle Kontext net un eng grouss Steierreform ze denke wär, kéint hie verstoen, sou den LCGB-President. De Patrick Dury fënnt awer, datt ee punktuell Adaptatiounen - eng Upassung vum Steier-Barême un d'Inflatioun oder eng Entlaaschtung vu klengen a mëttlere Gehälter - misst kënnen erwaarden, wann déi finanziell Situatioun vum Staat dat zouléisst.
Fir sech doriwwer méi e präziist Bild maachen ze kënnen, fuerdert de chrëschtleche Gewerkschaftsbond, datt d'Tripartite zesummegeruff gëtt:
"Mir wëlle gären en État des lieux: Wat sinn d'Hëllefen, déi bis elo insgesamt gefloss sinn? Ech hunn do kee komplett Bild: Ech weess just, wat beim Chômage partiel an op anere Plaze gemaach ginn ass. Wat sinn d'Problemer, déi sech elo stellen? Ass d'Inflatioun e Problem oder net?"
Tripartite ass "e Prozess"
D'Inflatioun wier jorelaang ganz niddereg gewiescht. Elo wier et gutt, sech emol domat auserneen ze setzen, wéi ee Mechanismus dann "am Moment hei spillt".
Wa misste Léisunge fonnt ginn, etwa eng Adaptatioun vum Chômage partiel oder soss Saache fir d'Ofsécherung vun Aarbechtsplazen, dann ass de Patrick Dury der Meenung, "datt mer dat musse maachen. Wa mer dat net elo maachen, da wäerte mer effektiv schlussendlech viru ganz grouss Problemer gestallt ginn."
Tripartite dierft och net just eemol zesummegeruff ginn, esou de Vertrieder vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond. "Eng Tripartite ass e Prozess", sou de Patrick Dury. Hie géif sech heiansdo froen, "ob d'Regierung weess, wat eng Tripartite ass".