Radioen

On air

Notturno  |  Connie Han - Prima Materia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëlle keen zweete Lockdown"

Corona-Kris

"Mir wëlle keen zweete Lockdown"

Et wéilt ee keen zweete Lockdown an d'Regierung hätt sech fest virgeholl alles ze ënnerhuelen, fir dat ze verhënneren, esou de Xavier Bettel. An der Regierungsdeklaratioun huet de Staatsminister den Appell widderholl, sech un d'Reegelen ze halen, fir d'Explosioun vun der Zuel un Neiinfektiounen ze verhënneren.

auto_stories

4 min

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an de Staatsminister Xavier Bettel. Foto: Chambre des Députés

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Jiddweree misst sech an déi aner Leit schützen a sech och teste loossen, esou den Appell vum Regierungschef a sengem Tëschebilan an der Chamber. Et wier net responsabel d'Gestes barrières net ze respektéieren. "Et gëtt net vill gefrot, hu mer vergiess, a wéi enger Situatioun mer viru véier Méint waren?"

Bei sengem Bléck zréck op déi lescht Méint, huet de Xavier Bettel vu ganz schwieregen Decisioune geschwat. D'Gestioun vun dëser Kris wier nach laang net eriwwer, de Premier géif awer hanner all eenzel Decisioun stoen. "Ech sinn der Iwwerzeegung, datt et ëmmer an där Situatioun a mam deemolege Wëssensstand déi richteg Decisioun war."

Zu enger méiglecher zweeter Well seet de Premier, datt soulaang, wéi et keng Impfung gëtt, ee mat neien Infektioune rechne muss. Dofir wier et wichteg d'Infektiounen ze monitoren an ze suivéieren. Et wier weiderhi wichteg, datt d'Leit sech un d'Reegelen halen an de Social distancing respektéieren, op Partyen a bei engem doheem. Déi Zenarie missten evitéiert ginn.

"Zoumaache war net einfach"

Alles zoumaache wier net einfach gewiescht, esou de Premier. Et wier ee mat Statistike konfrontéiert gi vun haislecher Gewalt, vu Mëssbrauch vu Kanner. Et wier och net fir déi eeler Leit einfach gewiescht, déi kee soziale Kontakt mat der Famill konnten hunn. Zoumaache wier net einfach gewiescht, an et wier keen Zoustand, deen ee widderhuele wéilt.

De Premierminister Xavier Bettel bei senger Deklaratioun virun den Deputéierten. Foto: Chambre des Députés

"Ouni Testing a Retracage vun de Kontakter wier en Iwwergang zu der Normalitéit ni méiglech gewiescht", seet de Xavier Bettel. De breeden Asaz vun den Testméiglechkeete wier e wichtegen Deel bei der Exit-Strategie.

Eng nei, geféierlech Phas

Wéinst der Entwécklung vun den Infektiounszuele wier een alarméiert, esou d'Gesondheetsministerin an hirer Deklaratioun. Der Paulette Lenert no wéilt een weider zu deene Länner gehéieren, déi d'Corona-Kris gutt meeschteren, an d'Regierung wëllt virsiichteg an ausgeglachen Decisiounen huelen.

Et wéilt een d'Ermanung vun der Gesondheetsorganisatioun, datt een an enger neier geféierlecher Phas wier, och eescht huelen. D'Ministerin huet ugekënnegt, datt et vun elo u méi genee Informatioune solle ginn, wou d'Leit sech mam Virus infizéieren: an dëser Phase wier dat "wesentlech".

Regierung géint eng Tracing-App

Zu enger méiglecher Tracing-App seet de Xavier Bettel, datt et net richteg wier, sech op eppes ze verloossen, wat net effikass wier. Eng App wier just ënner verschidde Konditiounen effikass Ee groussen Deel vun de Leit vun de Leit misst se eroflueden a se och benotzen.

An Däitschland hätte manner wéi 20 Prozent d'Corona-Warnapp erofgelueden, an der Schwäiz wieren et 12 Prozent, a Frankräich just 2,2 Prozent. Et bräicht een awer 60 Prozent aktiv Notzer an der Bevëlkerung.

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert virun den Deputéierten. Foto: Chambre des Députés

"Et ass ze vill en Agrëff an d'Intimitéit an an d'Fräiheet vum Mënsch", seet de Xavier Bettel. Hien hätt och seriö Bedenken zu der Cybersecuritéit. D'Regierung géif sech awer net enger digitaler Léisung verschléissen, ënnersträicht de Premier.

Fir de Premier ass den analogen Tracing awer de richtege Wee, an et wier een och bereet, déi Léisung weider ze verstäerken. D'Regierung wéilt trotzdeem mam däitschen Robert-Koch-Institut e Wee sichen, wéi een am Noutfall déi däitsch App kéint op Lëtzebuerger Besoinen adaptéieren. De legale Kader heivir géif virbereet ginn.

Staatsfinanzen ënner Drock

Dem Premier Xavier Bettel no misst e sech drop astellen, datt d'Staatsfinanzen och déi nächst Méint a warscheinlech Joren ënner engem gewëssen Drock wäerte sinn. D'Gestioun vun der Krise hätt de Staat bis Enn Mee ronn 178 Milliounen Euro kascht. Och an den nächste Méint wéilt d'Regierung sech weider Liquiditéiten op de Marchéë verschafen, fir viru kënnen z'investéieren.

Et wier een de Moment net an enger déifgräifender Wirtschaftskris, mee d'Situatioun wier ugespaant. De Chômage wier an d'Luucht gaangen, et géif eng Hausse vun 33 Prozent par Rapport zu, selwechte Mount d'lescht Joer ginn. Et wier eng Tripartite ginn an et hätt ee sech op éischt Mesurë gëeenegt.

Iwwer d'Deklaratioune vun der Regierung gëtt muer de Moien a muer de Mëtteg an der Chamber debattéiert.