Regional Produiten "Mir wëllen d'Lat méi héich leeën"

Am geplangte Gesetzprojet vum Landwirtschaftsministère sollt méi tëscht "Zertifizéierung" a "Labeliséierung" vu regionale Produiten differenzéiert ginn. Dat mengt d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer. D'Associatioun ënnerstëtzt de geplangte Projet, mee hätt d'Lat bei der Reglementatioun vum neie Logo méi héich gesat, an dëse soumat u méi Qualitéitskrittäre gebonnen.

Rahel Könen / cbi

Geméis
Symbolbild. Foto: Bigstock / Engdao

Fir de neie Logo vu regionale Produiten ze stäerken, hätt sech d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer gewënscht, datt en zertifiéierte Produit eréischt da mat engem Logo gekennzeechent gëtt, wann en eng méi héisch Unzuel u Qualitéitskrittären erfëllt. Den zoustännege President Christian Hahn nennt als Beispiller d'Ëmwelt an d'Déierewuel, et wéilt een d'Lat nach méi héich leeën, och wann et qualitativ héichwäerteg Produite wieren.

A Punkto Regionalitéit hätt sech d'Associatioun e méi begrenzte Radius gewënscht. Trotzdeem hätt sech de Projet vum Landwirtschaftsministère schonns ëm villes verbessert a stellt aktuell eng Plus-value fir de Secteur duer, mengt de Christian Hahn.

D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer ass der Meenung, datt et wichteg wier de Projet elo op den Instanzewee ze bréngen. Et wier besser suboptimal unzefänken, wéi guer net ze unzefänken. An zwee bis dräi Joer kéint een e Bilan maache fir u verschidde Punkte feilen ze goen, esou de Christian Hahn.

De Gesetzprojet iwwer de geplangte Label fir regional Produite gouf nach net am Regierungsrot ugeholl. Dat confirméiert de Landwirtschaftsministère op Nofro hin. De Projet géif de 7. August iwwerdeems net um Order du jour vum Regierungsrot stoen. De Landwirtschaftsministère wéilt iwwer de Summer nach eng Rei technesch Detailer iwwerschaffen ier de finaliséierte Projet da Mëtt September der Chamber an der Press presentéiert soll ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Rahel Könen
Lauschteren

Méi zum Thema

Landwirtschaft
Labele vu regionale Produiten

De Mouvement Ecologique, d'Bauerenzentral a Bio Lëtzebuerg sinn onzefridde mat der geplangter Labeliséierung vu regionale Produiten. Am Virfeld hätt et kee richtegen Dialog mat alleguer de betraffenen Acteure ginn.

Biodiversitéit
EU-Biodiversitéits-Strategie

An der EU mussen op d'mannst 30 Prozent vun de Flächen zu Land an am Mier ënner Naturschutz gesat ginn. Dat proposéiert d'EU-Kommissioun als Auswee aus der Biodiversitéits-Kris.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen