Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen oppe Weltbierger forméieren"

35 Joer Centre d'Information Tiers Monde

"Mir wëllen oppe Weltbierger forméieren"

De Centre d'information Tiers Monde feiert dëst Joer seng 35 Joer. Bannent där Period gouf et ee Paradigmewiessel bei den ONGen, déi haut manner nom Modus vum Karitative funktionéieren a méi a Richtung Nord-Süd Relatiounen denken. De CITIM gesäit seng Aufgaben doran, d'Leit ze sensibiliséieren a bitt gratis Informatiounen un.

auto_stories

3 min

D'Kreatioun vum Centre d'Information Tiers Monde, CITIM, viru 35 Joer wier néideg gewiescht, esou d'Nicole Ikuku, vun der ONG Action Solidarité Tiers Monde. Zur Zäit vun der Grënnung vum CITIM hätt et net genuch Informatiounsmaterial iwwer déi Drëtt Welt ginn an d'Medien hätten net all déi wichteg Aspekter couvréiert. Et hätt ee just op privat Bichersammlunge kënnen zréckgräifen, Internet gouf et deemools nach keen. D'Iddi wier gewiescht, fir en Debat ze lancéieren. D'Offer vum CITIM sollt mat engem Partenariat mat der Action Solidarité Tiers Monde completéiert ginn.

Industrialiséiert Länner schafe Problemer fir Drëtt Welt

Den Term "Tiers Monde" stéing hautdesdaags an der Kontrovers. Vill Experte géifen dëse Begrëff kritiséieren, anerer verdeedegen en. De Begrëff wier fir si akzeptabel, genee wéi d'Termen "de Süden" an "ënnerentwéckelt Länner".

Den Term "Developpement" géif eng Etapp bezeechnen, mä et wéisst een net genee, wat fir eng. Verschidden afrikanesch Länner wiere kulturell an intellektuell gesinn immens developpéiert. Et géif een ëmmer erëm op d'Industrialisatioun verweisen, déi verschiddene Länner awer och vill Problemer géinge bréngen. Et wier déi Exploitatioun vun der Drëtter Welt, déi d'ONG géif a Fro stellen.

Wandel vun der Approche

"Mir constatéieren ee ganz klore Paradigmewiessel vum Konzept vun der Entwécklungshëllef. Vill Hëllefsorganisatiounen, déi fréier méi karitativ agestallt waren, schaffen haut méi rationell, méi strukturell", seet d'Delphine Dethier. Si géifen dobäi vum Prinzip ausgoen, datt Feelentwécklungen eng Fro vu sozioekonomeschen a politesche Relatiounen tëscht verschiddene Länner, speziell tëscht dem Norden an dem Süde wieren. Lëtzebuerg an d'EU stéingen an der Verantwortung, well hei d'Decisioune geholl géife ginn.

Eent vun den Ziler vun der Action Solidarité Tiers Monde wier et, oppe Weltbierger ze forméieren. Et gëtt dowéinst eng Bibliothéik mat momentan méi wéi 10.000 Bicher. Do dernieft géif een Atelieren an Debaten, Konferenzen a Filmprojektiounen organiséieren. 2015 hätte ronn 1.200 Leit bei Aktioune vun Action Solidarité Tiers Monde matgemaach.

Kooperatioun tëscht ONGen

D'Zesummenaarbescht mam Cercle des ONG géif iwwerdeems gutt fonctionnéieren, seet d'Nicole Ikuku. De Cercle géif aner ONGen an hirer Sensibiliséierungsaarbecht ënnerstëtzen. Zum Beispill mat politescher Ënnerstëtzung an organisatorescher Ënnerstëtzung.

Zënter dem leschte Joer wier d'ONG och agreéiert, fir Weiderbildung unzebidden a si géif den nationale "Groupe d'éducation au développement" koordinéieren. De Cercle des ONG géif aner Net-Regierungsorganisatiounen och incitéieren, fir hir Funktiounsweis z'iwwerdenken. An e géif ONGe motivéieren, fir verstäerkt zesummenzeschaffen.