An engem Schreiwes huet den aktuelle CSV-President sech haut un d'Membere vun der Partei geriicht an eng Neiausriichtung vun der Partei duergeluecht mam Titel "Mir, d'CSV". De Frank Engel, deen an deene leschte Méint e puer Mol partei-intern fir seng Positioune fir Ausernanersetzunge gesuergt hat, well de 24. Abrëll nach ee Mol fir d'Parteiprésidence kandidéieren.
Säin Enjeu wier et, President vun der Partei ze ginn, an d'Partei op d'Waljoer 2023 ze preparéieren. Hien ënnersträicht awer, datt um Nationalkongress eng Parteispëtzt a keng Spëtzekandidate fir déi nächst Chamberswale gewielt ginn. Partei-intern Tensioune misst een iwwerwannen, andeems een éierlech mateneen ass.
De Frank Engel huet schonn héieren, datt et potentiell Géigekandidature kéint ginn, wat an enger demokratescher Partei normal wier. Et misst een elo kucken, wien déi Persoun wier a wéi ee Projet datt déi géif matbréngen.