Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Can - I Want More

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wiere frou, wann et der méi wieren"

Impfcampagne

"Mir wiere frou, wann et der méi wieren"

73 Prozent vun der Bevëlkerung hu mëttlerweil op d'mannst eng Dosis vum Covid-Vaccin krut. Obwuel de Schnëtt vu Primo-Vaccinés am Dezember liicht an d'Luucht gaangen ass, wier nach Spillraum no uewen, esou de Responsabele fir d'Impfcampagne.

auto_stories

3 min

De Luc Feller ass Responsabele fir d'Impfcampagne. Foto: Archiv

De ganzen Interview iwwer d'Impfcampagne mam Luc Fellerplay_arrow

73 Prozent vun der Bevëlkerung hu mëttlerweil op d'mannst eng Dosis vum Covid-Vaccin krut. "Mir wiere frou, wann et der méi wieren", seet dozou de Responsabele fir d'Impfcampagne, Luc Feller.

Am Dezember si pro Woch am Schnëtt 3.800 Leit eng éischte Kéier geimpft ginn, am Verglach zu ronn 3.000 Primo-Vaccinatioune pro Woch am November:

"Wa mir deen Niveau kéinten halen, wier dat schonn net schlecht. Richteg ass, datt et déi lescht Woch erof gaangen ass. Mat de Feierdeeg an der Vakanz ass dat net 'semaine de référence' fir eis. Mee Fakt ass, datt zënter der Annonce vum 3G d'Primo-Vaccinatioun e Krack an d'Luucht gaangen ass."

D'Waardezäite fir eng Primo-Vaccinatioun wieren an den Impfzentrume ganz kuerz. Interesséiert Persoune kënne spontan laanscht kommen oder sech op impfen.lu e Rendezvous huelen.

Bis zu 55.000 Impfunge pro Woch

Wien eng Invitatioun fir eng Booster-Impfung kritt, soll ee Rendezvous an engem Impfzentrum oder bei engem Hausdokter huelen. An de Pop-Up-Impfzentrumen, wou ee sech ouni Rendezvous kann impfen, misst ee soss deels laang waarden. Aktuell wier den Delai fir d'Rendezvouse bei ronn enger Woch, präziséiert de Luc Feller. D'Hallschent vu 400.000 invitéierte Leit wiere scho geboostert, an eng weider 80.000 hätten e Rendezvous. Impfstoff wier den Ament genuch do.

Den 10. Januar mécht an der Luxexpo um Kierchbierg ee fënneften Impfzentrum seng Dieren nees op. Deen Ament kéinten an den Impfzentrume bis zu 55.000 Leit d'Woch geimpft ginn, esou de Luc Feller:

"Eis Impfcapacitéite passe mir un, op dat wat mir iwwer de Mount geliwwert kréien. Ufank November hu mir mat dräi Impfzentren ugefaangen. No an no, wéi ëmmer méi Leit invitéiert goufen, hu mir déi Capacitéiten erop gesat en fonction vun den Impfdosissen, déi mir kréien."

Iwwer Januar eraus hätt een zu dësem Zäitpunkt awer nach keng Vue, esou de Responsabele vun der Impfcampagne.

Méi Impfunge beim Hausdokter?

Wéinst der Omicron-Variant wier et wichteg, datt d'Leit hire Booster elo séier kéinte kréien, betount de Luc Feller. Datt déi generell Booster-Campagne éischter hätt misse lancéiert ginn, léist de Luc Feller esou awer net gëllen:

"Zu deem Moment, wou déi Diskussioune gelaf sinn, hate mir keng Autorité sanitaire, weder hei zu Lëtzebuerg nach am Ausland, nach an all deene Gremie wou mir dra setzen hate mir Dokteren oder Virologen, déi gesot hunn, bis un d'Enn vum Joer musst dir eng generell Booster-Campagne maachen. Den Discours war éischter een aneren, an d'Richtung vun deenen eelere Leit axéiert."

Fir d'Zukunft misst een ënner anerem kucken, ob a wéi an den Doktesch-Praxisse méi kéint geimpft ginn, mengt de Luc Feller. Den Ament maachen d'Hausdokteren ee Fënneftel vun de Covid-Impfungen. An den Nopeschlänner wier deen Undeel däitlech méi héich.

Zënter dem 23. Dezember ass dann och d'Impfung fir all Kanner vu 5 bis 11 Joer méiglech. Invitatioune ginn awer keng verschéckt, präziséiert de Luc Feller. Interesséiert Eltere kënnen ee Rendezvous an engem Impfzentrum oder bei engem Kannerdokter huelen. Fir den Zäitraum bis Enn Januar ass Impfstoff do fir eng 15.000 Kanner tëscht 5 an 11 Joer ze impfen.