De Regierungsrot hat de leschte Freideg gréng Luucht fir d'Bedeelegung un der UN-Missioun ginn. D'Missioun vun der UNO fir den afrikanesche Staat Mali ze stabiliséiere leeft zënter Mëtt 2013. Vum nächste Joer u soll och de Grand-Duché sech doru bedeelegen.
Zil wier et fir der Regierung ze hëllefen "de Fridden a Stabilitéit" opzebauen. Et misst och garantéiert ginn, datt d'Hëllef-Organisatiounen an engem gereegelte Kader kéinte schaffen.
Lëtzebuerg mécht Reconnaissance
Bis haut Méindeg mécht Lëtzebuerg Reconnaissance op der Platz. Fréistens vum éischte Mäerz 2020 u kéinten dann an enger éischter Phas véier bis fënnef Lëtzebuerger Zaldoten a Mali agesat gi, fir Rotatioune vun dräi bis véier Méint. Si sollen an der Haaptstad Bamako stationéiert ginn. Et wier awer net komplett auszeschléissen, datt d'Zaldote punktuell op aner Sitte kéinte goen "wann eppes gefléckt oder geupdated" muss ginn, sou de Gilles Feidt.
Déi am ganze ronn 13.000 Zaldote vun der MINUSMA-Missioun vun der UNO sinn op am ganzen 13 Sitten a MALI aktiv. Et wier immens wichteg eng stabil Kommunikatioun ze hunn. Wann an der Vergaangenheet Campen iwwerfall gi sinn, da wier an der Reegel als éischt d'Kommunikatioun gekappt ginn, sou de Gilles Feidt. "An do ka Lëtzebuerg eng valabel Contributioun gi mat eiser Satellitte-Kommunikatioun."
Déi Lëtzebuerger Zaldoten sollen a Mali ënner däitschem Kommando stoen, hat et nom Regierungsrot virun enger Woch geheescht.
Den Asaz a Mali gëllt als deen aktuell geféierlechste vun der Bundeswehr. D'Sécherheets-Situatioun wier effektiv immens ugespaant "zemools am Norden" mee och an anere Regiounen. "An ech mengen do muss een oppasse wat een do mécht."
Macron hat méi staarken Engagement gefuerdert
Den Accident mat zwee franséische Militär-Helikoptere mat 13 doudegen Zaldoten de leschte Méindeg a Mali wier ganz tragesch, sou de Chef de Cabinet am Lëtzebuerger Verdeedegungs-Ministère Gilles Feith.
De franséischen Asaz mat der Trupp "Barkhane" wier wichteg, mee all Optioune wieren haut oppen, huet de franséische President zu Paräis gesot. Den Emmanuel Macron huet méi e staarken Engagement vun den Alliéierte gefuerdert.