Radioen

On air

Notturno  |  Kenny Garrett - Hargrove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Missioun vum radio 100,7: "Qualitéit an Onofhängegkeet"

Medien

Missioun vum radio 100,7: "Qualitéit an Onofhängegkeet"

De Laurent Loschetter ass vum Regierungsrot als President vum Verwaltungsrot vum radio 100,7 genannt ginn: Hien iwwerhëlt d'Mandat vum Françoise Poos. Dem Geschäftsmann no brauch de Radio méi finanziell a personell Moyenen. De Laurent Loschetter reagéiert och op d'Kritik an de Medien, datt hien der Politik ze no ze stoe géif.

auto_stories

3 min

D'Zeitungen "Luxemburger Wort" a "Lëtzebuerger Land" stellen am Kontext vu senger Nominatioun un d'Spëtzt vum radio 100,7 d'Fro nom Laurent Loschetter senger politescher Onofhängegkeet, a reprochéieren him, e perséinleche Frënd vum Xavier Bettel ze sinn.

"Ech verstinn den Ënnerscheed tëscht engem perséinleche Frënd an engem Frënd net. Ech si Frënd vum Xavier Bettel zënter mir am Lycée waren."

Hien hätt Bekannter a ville Parteien. Déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter ass dem Laurent Loschetter seng Schwëster.

"Ech sinn a kenger Partei a Lëtzebuerg ass e klengt Land." Hie geet dervun aus, datt hie wéinst senge Kompetenzen nominéiert ginn ass, notamment wat de Management vun der Equipe ugeet. "Dat ass esou wéi ech et am Mudam gemaach hunn, an a menge Strukturen."

De Wort-Chefredakter Jean-Lou Siweck hat op Facebook geschriwwen: "An der Reegel gëtt bei ëffentlech-rechtleche Medien drop opgepasst, datt net de Verdacht opkënnt, si kéinten ënner parteipoliteschem oder kommerziellem Afloss stoen. Duerfir gouf den 100,7 laang Joer vun engem Riichter, dem Pierre Gehlen, presidéiert."

"Gaston Vogel aus der Kulturzeen"

D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat geschriwwen, datt d'Nominatioun vum Laurent Loschetter en hostile Geste vu Säite vun der Regierung wier, déi dem kommerzielle Sender a Grupp RTL no géif stoen. Der Wochenzeitung no hätt de Laurent Loschetter keng Angscht fir den ëffentleche Radio no enger purer kommerzieller privat Logik ëmzestrukturéieren, mat wann néideg och Entloossungen.

"Also d'Josée Hansen ass eng gutt Frëndin a mir gesinn eis immens oft. Wa mir eis gesi klengt hatt anescht. Et ass eng Gewunnecht ginn, datt d'Land an d'Josée, meng gutt Frëndin, alles schlecht fënnt, an eis gutt Leçone gëtt."

Dat wier e bëssi Schued. Et kéint een och mol eppes gutt fannen. "Ech hunn d'Gefill. datt d'Lëtzebuerger Land e Gaston Vogel vun der Kulturzeen ginn ass." All Freideg géif am Land iergendee Kulturbeoptraagte fäerdeg gemaach ginn.

D'Missioun vum neie President

Den neie President vum radio 100,7 streit net of, en Optrag vum Xavier Bettel kritt ze hu fir seng nei Funktioun.

"Mir sinn uewen an engem Verwaltungsrot a mir kucken, wat dir hei ënnen als Equipe braucht. A mir kucken, datt mir dat da bei der Politik an dem Ministère de tutelle eriwwer kréien. Dat ass eis Roll. Eis Roll ass net, hei Sendungen ze maachen an iech z'erklären, wéi dir sollt e Journal maachen. "

De Verwaltungsrot misst just kucken, ob dat wat de Radio mécht en Ligne ass mat deem wat am Gesetzestext virgesi war. Déi Analys wier am Gaang gemaach ze ginn. De Laurent Loschetter schléisst net aus, an d'Dagesgeschäft z'intervenéieren. "Dat hänkt dovun of, wéi den Interface tëscht dem Dagesgeschäft an dem Verwaltungsrot sech entpuppt." Wichteg wier elo, datt de Verwaltungsrot op enger Wellelängt ass a wie Loscht huet, wat ze maachen. De Laurent Loschetter erënnert drun, datt den Engagement am Verwaltungsrot vum radio 100,7 benevole wier.

D'Roll vun engem ëffentlech-rechtleche Sender wier et, fir Qualitéit ze suergen an den Noriichten, an der Musek, an an der Analys vu verschiddenen Evenementer.

Méi Moyene fir de Radio

De Premier a Medieminister Xavier Bettel wier der Meenung, datt de radio 100,7 méi Finanzmëttel an och méi Personal bräicht, seet e Laurent Loschetter. Dat wier e gudde Start an eng Aventure eran.

"Meng Missioun ass ze kucken, wou déi Moyene sollen hifléissen a wou déi Moyene gebraucht ginn", seet den neie President vum radio 100,7. Wéi finanziell Mëttele solle verdeelt ginn, wéisst hien nach net.

Am Staatsbudget 2017 si knapp 5,9 Milliounen Euro fir de radio 100,7 virgesinn.