Kolonialgeschicht Objeten aus der Kolonialzäit: Den MNHA ass "oppe fir all Dialog"

Den MNHA ass bereet Objeten aus der Kolonialzäit un afrikanesch Länner zeréck ze ginn, wann déi dat fuerderen, esou den Historiker Régis Moes zum Optakt vun der Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg.

Rick Mertens (Interview) / Tessy Troes (Web)

Régis Moes
De Régis Moes ass zoustännegen Historiker vun der Ausstellung "le passé colonial du Luxembourg".

De Régis Moes huet d'Ausstellung "Le passé colonial du Luxembourg" zesumme gestallt, déi vun haut un um Fëschmaart ze gesinn ass.

Bei de Recherchë fir déi Ausstellung wier een zum Beispill op eng Rei Objete gestouss, déi aus dem haitegen Tansania stamen, esou de Régis Moes. Doropshin hätt een och de Nationalmusée vum Tansania kontaktéiert:

"Mir krute vun hinne bis elo nach keng Äntwert, sou datt mer warscheinlech och nach wäerte probéieren iwwer aner Weeër dorobber opmierksam ze maachen. Mir sinn natierlech oppe fir all Dialog. Virun allem wann do eng Demande wier fir Objeten zeréck ze ginn, déi e politeschen oder reliéise Wäert hunn."

Et kéint duerchaus sinn, datt nach weider Objeten aus fréiere Kolonien an der Kollektioun vum Musée fonnt ginn. Bei enger esou grousser Sammlung wéi déi vum MNHA, déi 1842 ugefaangen huet, kéint een ni ausschléissen, "datt do emol dat eent oder dat anert dobäi wier wat problematesch ass."

Et wier een och oppe fir Restitutiounen: dem Régis Moes no sollten Muséeën hautdesdaags esou mat Objeten aus der Kolonialzäit ëmgoen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen