Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Essential

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mobbing ass ganz, ganz schlëmm

Fräie Mikro

Mobbing ass ganz, ganz schlëmm

De Lëtzebuerger Mikrokosmos huet elo e puer Woche laang säi klenge Politskandal ronderëm dat Wuert Mobbing geféiert. Méi Kaméidi mat manner Inhalt huet ee seelen, mengt de Jean-Jacques Rommes am Fräie Mikro.





Normal
0




false
false
false

FR
X-NONE
X-NONE
















































































































































































































































































































































































































/* Style Definitions */
table.MsoNormalTable
{mso-style-name:"Table Normal";
mso-tstyle-rowband-size:0;
mso-tstyle-colband-size:0;
mso-style-noshow:yes;
mso-style-priority:99;
mso-style-parent:"";
mso-padding-alt:0cm 5.4pt 0cm 5.4pt;
mso-para-margin:0cm;
mso-para-margin-bottom:.0001pt;
mso-pagination:widow-orphan;
font-size:12.0pt;
font-family:"Calibri",sans-serif;
mso-ascii-font-family:Calibri;
mso-ascii-theme-font:minor-latin;
mso-hansi-font-family:Calibri;
mso-hansi-theme-font:minor-latin;
mso-bidi-font-family:"Times New Roman";
mso-bidi-theme-font:minor-bidi;
mso-ansi-language:FR;}

auto_stories

4 min

All Mënsch ass géint Mobbing a wann eng beschtbekannte Persoun beschëllegt gëtt, hiert Personal gemobbt ze hunn, da feelt et net u Kommentatoren, déi mat Betraffenheet an der Stëmm insistéieren, wéi grauenhaft déi Dot ass an datt een elo muss un d'Affer denken.

Do traut ee sech natierlech kaum kritesch dogéint ze halen, mee et dierf ee sech awer wonneren, wéi wéineg Fakten an dee Shitstorm agefloss sinn.

Et ass jo spektakulär, datt dat ganzt Land e Schëllege mat Virnumm kennt, mee keng Fakten an dëser Affär, vun där mir ausser dem Urteel "Mobbing" absolut guer näischt wëssen. Doriwwer hu sech aner Kommentatore schonn zu Recht gewonnert.

Mobbing léisst sech schwéier erfaassen

Et hätt een awer kéinte probéieren den Onsécherheeten ëm dat Konzept "Mobbing" gerecht ze ginn, engem Phenomeen, dat sech aussergewéinlech schwéier faasse léisst.

Sécher, et ginn eendeiteg Fäll, wou eng Persoun mat Sadismus eng Aner esou ënner moraleschen Drock setzt, datt dem Opfer eeschthaft Leed an dauerhafte Schued zougefüügt gëtt. Wann dann den Täter dobäi och nach e Machtgefäll op der Aarbechtsplaz ausnotzt, brauch een iwwer déi moralesch Aschätzung net ze streiden.

Verschidden Aarte vu Mobbing

Mee um Terrain ass dat dacks méi komplizéiert. Och aus untergebener Positioun kann ee säi Chef mobben. Och horizontal, ënner Kolleegen, ass dat moralescht Quäle keng Seelenheet.

Aarbechtskolleegen, déi net mateneen eens ginn, hunn duerchaus d'Tendenz sech op deenen zwou Säiten als Mobbingopfer ze gesinn. Täter si sech hirer Dot net onbedéngt bewosst, an trotzdeem kënnen Affer leiden.

Als Chef ginn et Witzen, déi kann ee mat bestëmmte Leit maachen, mee mat aner net, well tëschent Witz, mauvais Goût an Verletzung ass d'Grenz fléissend an d'Perspektiv ännert vëlleg jee no de Leit.

Als Chef brauch ee Fangerspëtzegefill

Mobber stellt ee sech gär als selbstsécher an dominant vir, mee och dat muss guer net esou sinn. Grad onsécher Cheffe kënnen eng Tendenz entwéckelen no ënnen ze drécken, well si dem Drock vun uewen net Stand halen.

Ganz Gruppe sinn an der Lag desaströse Mobbing auszeüben, ouni sech schëlleg ze spieren, notamment an deem si aner Persounen ausschléissen oder diskriminéieren, e Phenomeen, wat mir all schonn aus de Kandheet kennen.

Wou Mënsche sinn, do mënschelt et an dat ass net ëmmer harmlos. Als Chef vun Untergebenen ass ee supposéiert dat néidegt Fangerspëtzegefill ze hu fir och Situatiounen ze entschäerfen, déi net einfach per Gebrauchsanweiseng ze léise sinn. Mee net all Chef kann dat an dacks brauch et Liewenserfarung, fir dat Gefill ze kréien an ze mierken, wann et de Leit net méi gutt geet.

Grad bei engem Phenomeen wéi Mobbing ass d'Perspektiv vum vermeindlechen Täter oder Affer subjektiv meeschtens radikal verschidden - bis hin zu verdréite Rollen. Dat kann de Wee no Canossa erschwéieren.

Et ass schwéier Schold an Onschold ze beweisen

Zwar passéiert Mobbing net an engem rechtsfräie Raum, mee et ass keng Dot wéi en Doudschlag, dee sech einfach feststelle léisst. Et ass iwwregens iwwerhaapt keng Strofdot zu Lëtzebuerg, eben well d'Qualifikatioun esou schwiereg ass. An net nëmmen déi: och de Beweis vu Schold an Onschold ass an der Reegel schwéier ze erbréngen.

Mobbing ka katastrophal Konsequenzen hunn bis hin zum Suicide. Mee mat enger plakativer Fixatioun op ee Wuert, wéi wann et duer géif goen et auszeschwätzen, a schonn hätt een e Mënschheetsverbriechen denunzéiert, gëtt een dem Phenomeen net gerecht.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.