Radioen

On air

Notturno  |  O Terno - Pegando Leve

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Rouzäite méi an der Kabinn

Nei Reegele fir Camioneuren

Keng Rouzäite méi an der Kabinn

An der EU gëtt et ronn dräi Millioune Camionschauffeuren. Hir Aarbechtskonditioune sinn dacks haart. D'EU-Transportministere si sech elo iwwer nei Reegelen eens ginn. D'Positioune louche wäit auserneen an eng Partie Länner hu géint den Accord gestëmmt. De Lëtzebuerger Transportminister François Bausch schwätzt vun engem soziale Rëss an Europa. D'Gewerkschafte soen, dat Schlëmmst wier zwar verhënnert ginn, d'Europaparlament misst awer nach nobesseren.

auto_stories

4 min

Normalerweis sollt eng Reform jo Verbesserunge bréngen, hei ass awer de Contraire de Fall, sou d'Warnung vun de Gewerkschaften e Méindeg virun de Verhandlunge vun den EU-Transportministeren.

D'Aarbechtskonditioune vun de Chauffeuren kéinte nach méi schlecht ginn. Si riskéiere manner ausgerout a manner doheem ze sinn. En plus géif och näischt dofir gemaach, datt si bannen der EU méi gerecht bezuelt ginn, seet Christina Tilling vun der Europäescher Transport-Gewerkschaft, déi zesumme mat anere Syndikater virum Conseils-Gebai zu Bréissel demonstréiert hunn.

Accord nëmmen deels eng Verbesserung

Den Accord, deen d'Ministeren dobannen eréischt kuerz viru Mëtternuecht fonnt hunn ass "deels deels" eng Verbesserung, sou de Commentaire vum Lëtzebuerger Transportminister François Bausch.

Negativ ass, datt déi nei Reegelen net dofir suerge wäerten, datt d'Camionneure manner laang um Stéck op der Strooss kënne sinn. Etüde soen, datt vill ze vill Chauffeuren iwwermidd sinn.

"Hei gëtt et leider keng Verbesserungen. Lëtzebuerg a Frankräich hate sech zwar dofir agesat, mee do war näischt ze maachen", sou de François Bausch.

D'Gewerkschaften hate sech am Virfeld och driwwer opgereegt, datt d'Entreprisen ee Chauffeur fir seng fräi Deeg net heem schécke mussen, mee dohin, wou de Sëtz vun der Entreprise ass. "Dat hëlleft hinnen näischt", sou d'Christina Tilling. "Vill Chauffeure wunnen Dausende vu Kilometer wäit vum Site vun hirem Patron ewech."

Datt um Enn dës Propos net zeréckbehale gouf, gesinn d'Syndikater als Succès un. Och, datt et an Zukunft verbueden ass, datt ee Chauffeur seng fräi Deeg an der Kabinn vum Camion verbréngt. Am November zejoert hat den Europäesche Geriichtshaff dat als illegal bezeechent, et war awer weider gängeg Praxis am Secteur.

"Dat ass wéi wann ee géif vun engem Pilot verlaangen, datt en am Cockpit schléift", seet dozou den Transportminister François Bausch. Allerdéngs weist hien och drop hin, datt et an Zukunft wäert drop ukommen, datt genuch Kontrolle gemaach ginn.

"Soziale Rëss duerch Europa"

Op der Reunioun vun de Ministere war e Méindeg eng déif Spaltung tëschent de Länner an deem Dossier ze spieren. De François Bausch schwätzt vun engem "soziale Rëss", deen duerch Europa geet.

Fënnef Länner, dorënner Irland, Finnland a Portugal, hate Propose gemaach, fir de Marché nach weider ze liberaliséieren. Si goufe vun osteuropäesche Länner ënnerstëtzt. Deene Länner, déi sech dogéint wieren, gouf op der Reunioun Protektionismus reprochéiert.

"Dem aktuelle Kompromëss no stelle verschidde Länner hir eegen Interêten iwwer déi vum Marché commun", sot den ungareschen Transportminister.

Gewerkschaften hoffen op d'Europaparlament

Lëtzebuerg hat sech am Géigendeel zu Frankräich dofir agesat, datt déi sougenannt "cooling off" Period, déi ee Chauffeur beim Cabotage respektéiere muss, méiglechst kuerz ass. Ënner Cabotage si Livraisounen tëschent zwou Destinatiounen an engem Land gemengt, an deem net de Sëtz vun der Entreprise ass. "Eis Entreprisen hunn hei eng speziell Situatioun, si si bal all an den Nopeschlänner ënnerwee", sou de François Bausch. Duerch eng ze laang Zwangspaus tëschent esou Auslandsoptenhalter "géif e groussen Deel vum Transportsecteur zu Lëtzebuerg Problemer kréien".

Um Enn gouf eng "cooling off" Period vu fënnef Deeg zeréckbehalen. "Domadder kann eise Secteur liewen", sou de François Bausch.

D'Gewerkschaften hu sech um Enn zwar net begeeschtert iwwer den Accord gewisen. E wier awer däitlech besser ausgefall, wéi een nach kuerz virun der Reunioun gefaart hat.

D'Europäesch Transport-Gewerschaft hofft elo, datt d'Europaparlament nach Ännerungen duerchsetzt.

Allerdéngs ass d'Parlament héich zerstridden an deem Dossier. Een definitiven Accord ass dofir nach laang net en Vue, sou de François Bausch. Hie bezweiwelt, datt dat nach an dëser Legislaturperiod geschitt.

Iwwer nei Reegele streiden ass iwwerdeems eng Saach, déi al anhalen eng aner. Enn September hat ee Grupp vu Journaliste vum Investigate Europe Team alarmant Faiten um Terrain recherchéiert. A sëllechen Interviewe mat Chauffeure koum eraus, datt si net seele vun hire Patrone forcéiert ginn, sech net un d'Rouzäiten an déi respektiv Konditiounen ze halen.