Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mobilitéitsstrategie fir d'Zukunft

Persounentransport

Mobilitéitsstrategie fir d'Zukunft

D'Mobilitéit ass, nieft dem Logement, zu Lëtzebuerg ee vun de groussen Defien. Alternativen zum Auto sinn dee richtege Wee. Den Auto wäert weider eng Roll spillen an der Mobilitéit, mee déi Roll muss iwwerduecht ginn, seet de Christophe Reuter, zoustänneg fir déi strategesch Planung am Mobilitéitsministère. Iwwer dee Sujet hunn a Riicht eraus nieft dem Christophe Reuter, de Michael Jacquemin vun Les amis du rail Halanzy Luxembourg (Belsch), de Camille Liesch vum Comité des usagers a vum Verkéiersverbond an de Florent Golin vum franséischen Aktiounsgrupp AGIRR diskutéiert.

auto_stories

4 min

Dem Christophe Reuter no wier den Auto en adequat Transportmëttel um Land, mee net gëeegent, fir kuerz Strecken am urbane Raum. Den Auto géif deemno bleiwen, mee et misst ee fortkommen vun enger Situatioun, wou an all Auto duerchschnëttlech 1,2 Persoune sëtzen, esou de Vertrieder vum Mobilitéitsministère.

Opstelle vun enger laangfristeger Mobilitéitsstrategie bis 2035

2035 kéinten et iwwer 100.000 zousätzlech Frontaliere ginn, déi op Lëtzebuerg schaffe kéimen. 70 Prozent dovu wiere franséisch Pendler. Dat geet aus enger Etüd vun der AGAPE, der Agence fir Urbanismus an nohalteg Entwécklung aus der Lorraine ervir.

Fir d'Mobilitéit vun all deene Leit ze erlaben, misst een no Alternative sichen. De Mobilitéitsplang fir 2035, deen am Gaang ass ausgeschafft ze ginn, sicht no Léisungen. Dat géif engem erlaben, déi néideg Infrastrukturen ze bauen, déi een a 15 Joer géing brauchen. Bis elo gouf et zu Lëtzebuerg keng laangfristeg strategesch Planifikatioun, seet de Christophe Reuter, deen am Mobilitéitsministère fir déi strategesch Planung zoustänneg ass.

D'Lorraine brauch de Bus am ländleche Raum

An der Lorraine gëtt et keen ëffentlechen Transport am ländleche Raum, kritiséiert de Florent Golin, vun der Associatioun AGIRR, der Association pour l'aménagement et la Gestion des infrastructures dans le respect des ressources.

A villen Dierfer fiert véiermol am Dag ee Schoulbus, fir déi aner Leit ginn et keng Alternativen zum Auto, wéi zum Beispill den ëffentlechen Transport. Der Politik a Frankräich wier esou een Service ze deier, an et géif kaum Hoffnung bestoen, datt sech dat kéint änneren.

Reorganisatioun vum RGTR Bus Reseau

De Bus Reseau gëtt an den nächste Jore reorganiséiert, mat ënner anerem dem Schafe vu regionalen Haaptachsen, mat Schnellbussen an dem Asaz vun transversale Linnen, déi de ländleche Raum besser kënne bedéngen. Dobäi kënnt ee Ruffbus, virun allem am Norden an am Oste vum Land.

Ausbau vum Schinnereseau

D'Zivilgesellschaft fuerdert, datt verschidden Eisebunnsstrecken, déi op Äis geluecht goufen, erëm fir de Persounentransport agesat ginn.

Les amis du rail Halanzy hu laang misste kämpfe fir d'Zuchstreck Virton-Athus-Lëtzebuerg erëm nees fir de Persounentransport opzemaachen. 22 Joer laang huet d'Associatioun dofir plädéiert, seet de Michael Jacquemin, Spriecher vu Les amis du rail Halanzy.

"La ligne a été arrêtée en 1985, et le combat pour réouvrir la ligne a été très dur. Grâce à l'intervention du Luxembourg, les voyageurs ont de nouveau pu emprunter cette ligne, qui a également été électrifiée.

Actuellement on mène le même combat pour la liaison Libramont-Bastogne-Wiltz"

D'Associatioun AGIRR proposéiert hirersäits, datt déi fréiert Streck tëschent Diddenuewen an Däitsch Oth erëm a Betrib geet.

De Camille Liesch vum Comité des usagers freet, datt d'Streck Klengbetten-Stengefort nees fir de Persounentransport benotzt gëtt. Iwwer dee Wee kéint een de Bus an den Zuch matenee verbannen.

Eng Rehabilitatioun vun der Eisebunnsstreck Klengbetten-Stengefort géif awer kee Sënn erginn. Allerdéngs kann een déi Streck, déi flaach ass, als Vëlospist ëmbauen, esou de Christophe Reuter.

De Ministère huet sech d'Zil gesat, de Persounentransport ze optiméieren, an déi adequat Transportmëttel anzesetzen. Well den Auto pro transportéiert Persoun vill méi Plaz anhëlt wéi ee Bus oder een Zuch, ginn Alternativen agesat, do wou et Sënn mécht.

D'Bunn gëtt net vernoléissegt

De Grand-Duché investéiert 600 Euro pro Joer a pro Awunner an d'Bunn. A Frankräich sinn et knapp 38 Euro d'Joer.

De Projet vum Park and Ride op der Gare zu Viville gouf vun de belschen Autoritéiten net ëmgesat. A Frankräich entsteet, mat der finanzieller Hëllef vum Grand-Duché de Parking Relais zu Lonkesch. Ee weidere Parking ass zu Diddenuewen an der Planung, esou de Christophe Reuter.

Gratis Transport werft Froen op an der Belsch

Den ëffentlechen Transport gëtt nächst Joer zu Lëtzebuerg gratis. D'Streck ass gratis vun der Gare vun Athus un, wat eventuell kéint Konsequenzen hu fir belsch Frontalieren, déi bis elo vu Virton aus mam Zuch gefuer sinn. Méiglecherweis wäerten déi dann an Zukunft zu Athus wëllen an den Zuch klammen. Do misst een attraktiv Tariffer op der belscher Streck aféieren, fir esou ee Phenomen ze verhënneren, seet de Michael Jacquemin.

Neien Informatiounssystem iwwer Verspéidungen op der Bunn

Um RGTR-Reseau besteet een Informatiounssystem, deen et erlaabt, op der Applikatioun ze kucken, wou de Bus oder den Tram drun ass.

Um Eisebunnsreseau ass d'CFL am Gaang de System AURIS anzeféieren. Tëschent 60 an 70 Prozent vun de Passagéier kéinten elo schonn dovunner profitéieren. D'Kontroller an den Zich an op de Garë krute 700 Tablette vum Typ Rail-Tab, déi hinnen Informatioune liwweren iwwer méiglech Verspéidungen.