Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Disco Dans Ta Cave

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Monica Semedo: Firwat hir Stellungnam Froen opwerft

Mobbing-Virwërf

Monica Semedo: Firwat hir Stellungnam Froen opwerft

D'Europadeputéiert Monica Semedo verwerft d'Uschëllegunge vun hirem fréieren Assistent, deen eng Plainte wéinst Mobbing gemaach huet. Si bezitt sech op Reegelen, déi et esou net gëtt. Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

6 min

D'Danièle Weber ass EU-Korrespondentin vum radio 100,7. Foto: Archiv

Firwat ass déi Stellungnam vun der fréierer DP-Politikerin problematesch?

Problematesch sinn hir Erklärungen, wat d'Prozedur ugeet, déi bei esou enger Plainte virgesinn ass. Déi Prozedur leeft no schrëftlech definéiert Reegelen of. An deem Reglement, wat eis virläit, steet eppes anescht, wéi dat, wourop d'Europadeputéiert sech bezitt.

Si wier zanter Méint disponibel fir eng Auditioun, deen zoustännege Comité, dee sech mat Plainte géint Harcèlement befaasst, hätt hir awer hiert "Recht, en Affekot bei Säit ze hunn, verweigert", schreift d'Monica Semedo an hirer Stellungnam.

Fakt ass, datt et esou ee Recht an dëser Prozedur guer net gëtt. Ee Bléck an d'Reglement weist, datt den Deputéierten, géint deen d'Plainte leeft, eleng vun deem Comité gehéiert gëtt. Dat ass esou am Artikel 9, Paragraph 5 festgehalen. D'Presenz vum Affekot ass also vum Reglement hir net erlaabt.

Elo op dat Recht ze pochen, kënnt de facto engem Refus mat deem Gremium zesummenzeschaffe gläich.

Zweete problematesche Punkt an deem Statement: Et wier géint d'Reegelen, wann deen zoustännege Comité eng Decisioun geholl hätt, ouni si doriwwer ze informéieren, stellt d'Monica Semedo fest. Och dat ass awer am Reglement net virgesinn. Hei ass festgehalen, datt de confidentielle Rapport vum Comité um Enn vun der Enquête der Presidentin vum Parlament iwwerreecht gëtt.

De Comité ass net obligéiert de Plaignant oder d'Europadeputéiert iwwer seng Decisioun oder den Inhalt vum Rapport an d'Bild ze setzen. Dat gouf eis och esou vum Parlament confirméiert.

D'Presidentin vum Europaparlament huet also elo dee Rapport virleien. Wéi geet et virun?

Och hei schreift d'Reglement ee klore Wee vir. Am Rapport vum Comité gëtt de Resumé vun de Virwërf vun deem, dee Plainte mécht, gemaach, genee ewéi eng Appreciatioun vun eventuellen Zeienaussoen. Schliisslech gi Konklusioune gezunn, doriwwer, ob et sech hei ëm Harcèlement handelt oder net. Am Fall wou dat de Fall ass, mécht dee Comité och Recommandatiounen iwwer eventuell Sanktiounen.

Dat ass eisen Informatiounen no hei de Fall.

Et ass dono un der Presidentin vum Parlament, an dësem Fall un der Roberta Metsola, eng Decisioun ze huelen. Si soll sech "beméien", déi Decisioun bannent sechs Wochen deenen zwou Säite matzedeelen, esou d'Reglement.

Well d'Reegelen awer och verlaangen, datt d'Presidentin virdrun déi concernéiert Deputéiert héiert, kéint deen Delai net ëmmer agehale ginn, huet et aus dem Parlament geheescht. Hei ass also nach eng Kéier eng Auditioun, allerdéngs och ouni Affekot, virgesinn.

Kënnt d'Presidentin zum Schluss, datt Sanktiounen ubruecht sinn, mécht si perséinlech um Ufank vun enger Plenièressessioun doriwwer eng ëffentlech Annonce. Dat hat déi leschte Kéier den deemolege President David Sassoli den 18. Januar 2021 esou gemaach.

D'Monica Semedo huet déi leschte Kéier hire Feeler agesinn, dës Kéier verwerft si d'Reprochen a schwätzt vu Beleidegungen a Verleumdungen, op déi si, wann d'Enquête eriwwer ass, zeréckkomme wëllt. Wat kann een iwwer dat, wat hir virgeworf gëtt, soen?

Den Dossier ass confidentiel, iwwer de Fall selwer kann een net vill soen. Mir hunn awer mat fréiere Mataarbechter geschwat an méi allgemeng kann ee soen, datt si d'Ambiance manner gutt beschreiwen, wéi hir Cheffin. D'Monica Semedo hat no där leschter Affär gesot, hir professionell Relatioun mat hiren Assistente wier exzellent.

Op där anerer Säit gëtt vun onméiglechen Ufuerderunge geschwat, déi dacks wiesselen, vun onproduktive laange Reuniounen, an deenen d'Deputéiert och déi Saachen, déi si virdrun ugefrot hat, net guttheescht. Den Ëmgangstoun gëtt als rau beschriwwen, d'Atmosphär als eng, wou Drock ausgeüübt gëtt, d'Aarbecht dacks erofgemaach gëtt, ouni datt Leeschtungen unerkannt ginn.

Et hätte vill Leit gekënnegt, am Ganze wieren et aacht Mataarbechter gewiescht, déi decidéiert hunn ze goen. Dräi dovun hate virun zwee Joer eng Plainte wéinst Harcèlement agereecht, wat jo am Januar zejoert zu Sanktioune gefouert hat.

Et wier déi zweete Kéier, datt d'Monica Semedo vum Parlament wéinst Harcèlement bestrooft géit. Wat bedeit dat politesch fir d'Europadeputéiert, bleift si an der Fraktioun vun de Liberalen?

Dat gëtt eventuell komplizéiert. An där Partei mam Numm "Renew Europe" ass d'DP op europäeschem Niveau Member. D'Monica Semedo ass, obschonn si aus der DP ausgetrueden ass, an deem Grupp bliwwen a sëtzt do, zesumme mam Charles Goerens, dee jo och fir d'Demokratesch Partei an d'Europaparlament gewielt gouf.

"Renew" hat deemools gesot: d'Sanktioune vum Parlament si Strof genuch an huet keng weider Konsequenze gezunn. Ob dat dës Kéier esou ausgeet, ass ongewëss.

Doriwwer géif da geschwat ginn, wann eng Decisioun virläit, sot eis ee Spriecher vum Grupp. Et gëtt parteiintern keng Reegel, déi virgesäit wat geschitt, wa Sanktioune wéinst Harcèlement géint ee vun hire Memberen ausgeschwat ginn.

Kloer dierft sinn, datt de Grupp d' Aarbecht vum Comité vum Parlament, dee sech mat Harcèlement befaasst, net a Fro stellt.

Wat awer elo delikat ass: D'Monica Semedo gouf viru Kuerzem Rapportrice vum Dossier "Quality Traineeship", wou d'Parlament Standarden fir qualitativ héichwäerteg Stagen opstelle wëllt. D'Europadeputéiert huet dat op de 9. November op Twitter begréisst.

De Sujet léisst sech vläicht schwéier an Aklang bréngen, am Fall wou nach eng Kéier Sanktioune kéimen.

Wat kann een iwwer d'Situatioun par Rapport zu Mobbing am Allgemengen am Parlament soen?

Et ass schwéier dat anzeschätzen. Kloer ass, datt et a ville Fäll net zu Plaintë kënnt. Sanktioune sinn also déi grouss Ausnam.

Et gëtt Deputéiert an och Mataarbechter, déi ëmmer nees op méi streng Reegele pochen. Dat gouf och zum Deel ëmgesat. Eng vun de Fuerderungen ass, datt den Training zum Theema Harcèlement obligatoresch fir Europadeputéiert gëtt. Et ass eng kuerz Formatioun, an där an dräi Stonne Grondwëssen iwwer dat, wat alles ënnert Harcèlement fält, vermëttelt gëtt. Dofir huet sech am Oktober eng Majoritéit ausgeschwat, bis elo ass déi Formatioun awer fräiwëlleg.

Vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert huet iwweregens bis op de Charles Goerens jiddwereen deen Training matgemaach. Hie géif awer net ausschléissen, dat nach nozehuelen, sot hien op eis Nofro.

Seng fréier Parteikolleegin Monica Semedo huet d'Formatioun schonn de 6. Dezember 2019 gemaach. Also ier dës an och déi Plainte virdrun agereecht goufen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.