Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
search

/ Monica Semedo: "Renew" envisagéiert partei-intern Strofen

EUROPAPARLAMENT

Monica Semedo: "Renew" envisagéiert partei-intern Strofen

D'Fraktioun vun den europäesche Liberalen ass sech net eens, wéi eng Konsequenze solle gezu ginn, nodeems d'Monica Semedo eng zweete Kéier vum EU-Parlament wéinst Harcèlement sanktionéiert gouf. Eng partei-intern Strof wier eng Première.

auto_stories

3 min

Monica Semedo (Foto: Fred Marvaux)

Lauschterenplay_arrow


D'Lëtzebuergerin war dee leschte Mount eng zweete Kéier vum Parlament wéinst "harcèlement psychologique" bestrooft ginn. Si war zejoert no enger 1. Sanktioun an internen Differenzen aus der "Demokratescher Partei" ausgetrueden. Op europäeschem Niveau ass d'Monica Semedo awer Member bliwwe vun der Fraktioun vun de Liberalen, déi sech "Renew Europe" nennen.

Diskussiounen am "bureau" vun der Fraktioun

De Sujet stoung e Mëttwoch um Ordre du jour vum ieweschte Gremium, dem "bureau" vun der Fraktioun, wéi hire Chef eis op Nofro confirméiert huet. De Stéphane Séjourné hat op där Pressekonferenz zu Stroossbuerg och partei-intern Sanktiounen ugedeit. Fir d'éischt awer wielt een ofwaarden, ob d'Monica Semedo an Appell géint d'Decisioun vum Parlament geet. Dee Reegele vum Parlament no huet si ee Recht dorop.

"Si le délai d'appel devait être clos ou si elle décidait de ne pas faire appel, on aura évidemment à prendre des sanctions au sein du groupe. Je dois encore en discuter avec mon bureau, il y a une demande dans ce sens et j'ai demandé à l'inscrire à l'ordre du jour."

Majoritéit am "Renew"-Bureau beonrouegt iwwert Accusatiounen

Op där Reunioun gouf keng Decisioun geholl. Engem Spriecher vu "Renew" no huet eng Majoritéit sech ganz beonrouegt iwwer d'Accusatiounen gewisen, si géifen d'Situatioun ganz eescht huelen.

D'Propose vum President vun der Fraktioun, "gewëss Sanktiounen" ze envisagéieren, gouf diskutéiert, mee verschidden Deputéiert hätte nach méi Zäit gefrot, ier eng Decisioun soll geholl ginn. Intern Sanktioune wieren eng Première an sinn esou net an de Partei-Reegele virgesinn.

Semedo geet net an Appell, mee direkt viru Geriicht

Esou een Appell wäert et allerdéngs net ginn. Den Delai dofir ass an der Tëschenzäit ofgelaf. D'Monica Semedo hat och net Wëlles, dat ze maachen, wéi si eis schrëftlech confirméiert huet. Si géing direkt virun den Europäesche Geriichtshaff, géif deemno eng Etappe iwwersprangen.

Dat wier dowéinst esou decidéiert ginn, sot eis hiren Affekot, well seng Cliente nieft dem Fong vun de Reprochen och déi ganz Prozedur, déi zu de Sanktioune gefouert huet, juristesch a Fro stellt. D'Plainte soll nach dësen oder dee nächste Mount deposéiert ginn.

Plainte géint Parlamentsreegelen

D'Monica Semedo hat refuséiert, perséinlech virum zoustännege Enquête-Comité ze erschéngen a mat der Presidentin vum Parlament ze schwätzen, well si bei béiden Entrevuen net huet dierfen een Affekot matbréngen. D'Reglement vum Parlament gesäit vir, datt d'Deputéiert eleng gehéiert ginn. Deemno huet de Comité sech wärend der Enquête op hir schrëftlech Aussoe baséiert.

Dat wier awer eng Violatioun vun hirem Recht, sech ze verdeedegen, stellt den Affekot fest. De But vun der Plainte wier et deemno, d'Reegele vum Parlament virum Geriichtshaff unzefechten.

Semedo als Rapportrice vu "Quality Traineeship" bis elo net a Fro gestallt

Onkloer ass, ob d'Europadeputéiert hir Funktiounen bannent der Fraktioun weider ka behalen.

Nach déi lescht Woch hat si sech op Twitter gefreet iwwert de Vott vun hirem Rapport iwwer "Quality Traineeship" an deem ëm besser Konditiounen fir Stagiairen goung.

D'Fro ass, ob si an der Plenière am Numm vun der Fraktioun doriwwer schwätzen dierf. Op d'Nofro, ob d'Lëtzebuergerin déi richteg Persoun wier, deen Dossier weiderhin ze betreien, wollt "Renew" net reagéieren.

Onkloer ass och, wéi laang "Renew" nach waarde wëll, ier eng Decisioun iwwer eventuell Konsequenze geholl gëtt.

Verschiddener (net d'Majoritéit) wieren dofir, den Ausgank vun der Geriichts-Prozedur ofzewaarden, heescht et aus Kreesser vun der Fraktioun. Dat géing allerdéngs heeschen, dat an dëser Legislaturperiod keng Mesuren méi géife geholl ginn.