Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mr. (Alters-)President

Eng laang politesch Carrière

Mr. (Alters-)President

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen sëtzt zanter 1989 ouni Ënnerbriechung an der Chamber. Domat ass hien den déngschteelsten Deputéierten. E Gespréich iwwer eng laang Carrière, an déi rezent politesch Entwécklungen.

auto_stories

3 min

De Gast Gibéryen wäert 2023 net méi mat an d'Wahle goen: Dat huet den ADR-Deputéierten an der 100,7-Emissioun Riicht eraus ugekënnegt. Héchstens am Fall wou déi nächst Regierung bannent den éischten zwee Joer géif an d'Bréch goen, wier hien nach eemol dobäi. Anerefalls géif hien um Enn vun der Legislaturperiod e Schlussstréch ënner seng politesch Carrière zéien.

Den déngschteelste Parlamentarier

De Gast Gibéryen sëtzt zanter 1989 ouni Ënnerbriechung an der Chamber. Hien ass domat den Doyen vun den Deputéierten. An där Qualitéit als déngschteelste Parlamentarier fält him d'Aufgab zou, déi 1. Institutioun esou laang ze presidéieren, bis de Poste vum Chamberspresident definitiv nei besat gëtt. "Dat ass schonn e Privileeg", sou deen 68 Joer alen ADR-Politiker zwee Deeg ier déi nei Chamber fir eng éischt Sëtzung zesummekënnt.

"De System ass falsch"

Mam Wahlresultat vu senger Partei ass de Gast Gibéryen global zefridden. Hie verweist drop, datt d'ADR souwuel national wéi an alle véier Bezierker zougeluecht huet. Hie verheemlecht awer och net seng Enttäuschung doriwwer, datt d'Partei hiert Wahlzil, fir mat engem fënnefte Sëtz nees Fraktiounsstäerkt an der Chamber ze kréien, verfeelt huet.

Virun allem am Osten war et jo denkbar knapp, well "de System falsch ass". Dat wier net nei, awer nach ni esou vill thematiséiert gi wéi no dëse Wahlen. D'Chancen, datt de Wahlsystem bis 2023 reforméiert gëtt, beziffert de Gast Gibéryen op 50/50. Et wier wichteg, datt d'Parteie sech zesummen de Kapp iwwer ee méi gerechte System géifen zerbriechen.

ADR: Net rietsextrem

Zu der Collaboratioun mam Wee 2050 bei de Chamberwahle géif hien aus voller Iwwerzeegung stoen. D'ADR wier ni eng rietsextrem Partei gewiescht, a si wär dat och doduerch net ginn.

Am Géigendeel: Dank der ADR géif et zu Lëtzebuerg keng rietsextrem Partei ginn. Et wier e Feeler, Themen - wéi z.B. d'Flüchtlingsfro - mat deene verschidde Leit Problemer hunn, net ze besetzen. D'ADR hätt déi Theme besat, "ëmmer op eng responsabel Aart a Weis".

CSV: Strategesch Feeler an der Wahlcampagne

Wann d'CSV net vu vir eran eng Koalitioun mat der ADR ausgeschloss hätt, hätt se besser bei de Wahlen ofgeschnidden - "a mir och": dovun ass de Gast Gibéryen iwwerzeegt. Mat där Prämiss hätt d'CSV däitlech gemaach, dass fir si just eng Zesummenaarbecht mat enger vun den dräi aktuelle Regierungsparteien a Fro kéim.

Wéi se dunn och nach gesot huet, si géif näischt wëlle réckgängeg maachen, hätten d'Leit definitiv keng Ursaach méi gesinn, firwat se d'CSV sollte wielen. D'Decisioun "vun de Parteistratege" wär falsch gewiescht. Hie wéisst vu villen CSV-Deputéierten a -Leit vun der Basis, dass bannent der Partei eng Majoritéit déi Entscheedung net gutt geheescht hätt.

Eng laang Carrière

De Gast Gibéryen ass an der Emissioun och op historesch Faite wéi déi faméis Trapebesetzung vun 1989 an der Chamber ugeschwat ginn ("Et war dem Jup Weber seng Iddi"), oder op d'Gebuertsstonn vum "Aktiounscomité 5/6 Pensioun fir jiddwereen": Dat wier am Fong à la base just als Kommunikatiouns-Coup vun ALEBA, FEP a NGL geplangt gewiescht, fir sech als drëtten, neutrale Gewerkschaftsblock zu Lëtzebuerg (nieft OGBL an LCGB) ze positionéieren. Datt doraus seng politesch Carrière entstan ass, wier "e rengen Zoufallsprodukt" gewiescht, sou de Gast Gibéryen.