Den Interview mam Guy Thewes:
Muséeë wiere wéi d'Gesellschaft. "Et gëtt net just eng Erzielung, mee et gi méi Meenungen, an déi muss een zesummebréngen, och an engem Musée", esou de Guy Thewes. Muséeë wieren deemno Plaze vun der ëffentlecher Debatt, Plaze vun Demokratie.
Siwe Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg hunn dës Nuecht (bis 1:00 Auer) hir Dieren op, mat ë. a. kommentéierte Visitten, Atelieren a Spektakelen. Am Casino an der Ënneschtgaass, vu wou aus de radio 100,7 eng live Spezialsendung diffuséiert, ass en DJ Set bis 3:00 Auer.