Radioen

On air

Notturno  |  Mike Wexler With Synthetic Love Dream - After

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musse mir manner Fleesch iessen?

Reaktiounen op de Rapport vum Weltklimarot IPCC

Musse mir manner Fleesch iessen?

Den héije Fleeschkonsum, virun allem an de westleche Länner, géif zur Klimaerwiermung bäidroen, seet de Weltklimarot IPCC. De Pierre Reyland huet Politiker a Vetrieder aus der Landwirtschaft gefrot, wat si dovun halen, fir manner oder guer kee Fleesch méi ze iessen. A wéi een d'Fleeschproduktioun méi klimafrëndlech kéint maachen.

auto_stories

4 min

Eng direkt Recommandatioun, datt een allgemeng manner Fleesch sollt iessen, mécht de Weltklimarot net. Obwuel de Message vum Wëssenschaftler Jim Skea bei der Presentatioun vum Rapport, dach relativ kloer war.

"Eng Ernärung mat vill Kären, Nëss a Geméis huet e méi niddregen ekologesche Foussofdrock, wéi eng mat vill Fleesch. A si ass och besser fir d'Gesondheet."

Vegetaresch a vegaant Iessen ass am Trend

Och déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz seet, datt ze vill Fleesch géif giess ginn, dat géife sämtlech Wëssenschaftler soen. Dofir wier elo Zäit fir ëmzedenken a fir méi Geméis ze iessen.

Vegetaresch a vegan Iessen ass mëttlerweil a ville Länner méi wéi en Trend. An dofir sinn zum Beispill grouss Fast Food Konzerner am Gaangen hir Menüen ëmzestellen, well se erkannt hunn, datt den Appetit fir e vegane Burger an aner planzlech Produite grouss genuch ass, fir e sate Profit ze maachen. Den IPCC Rapport kéint dës kleng Revolutioun vun den Iessgewunnechte verstäerken, an deemno och den Drock op d'Fleeschbaueren. Bei der Lëtzebuerger Déierenzuucht-Genossenschaft Convis mengt den Direkter Christoph Peifer-Weihs awer net onbedéngt, datt d'Fleeschproduzenten zu Lëtzebuerg elo ëm hir Zukunft misste fäerten.

De Konsument géif schlussendlech duerch säi Kafverhalen d'Produktioun bestëmmen. Wann de Konsument sech duerch de Rapport beaflosse géif loossen, da kéinten d'Fleeschproduzenten e Problem kréien. "Ech hoffen awer, datt an Zukunft de Konsument manner d'Produktioun u sech kuckt, mee méi d'Produktioun an Ofhängegkeet vun den Ëmweltkäschten", sou de Christoph Peifer-Weihs.

Dat heescht, graff resüméiert, datt de Konsument bereet misst sinn, méi ze bezuele fir Fleesch, deem seng Produktioun méi klimafrëndlech a Ressourcë schounend ass. Déi kruzial Fro wier manner "Fleesch oder net Fleesch", mee éischter "wou kënnt et hier a wéi gëtt et produzéiert".

"Wa mir hei Fleesch produzéieren, wou de Waasserschutz, Ëmwelt- a Klimaschutz an d'Biodiversitéit respektéiert ginn, dann hu mir keng Angscht."

Eng méiglech Konsequenz si méi deier Fleeschproduiten

Och d'Martine Hansen, CSV Fraktiounscheffin a Co-Vizepresidentin vun der parlamentarescher Landwirtschafts-Kommissioun mengt, jiddweree misst säin Deel zu engem bessere Klima bäidroen. De Produzent misst dofir méi uecht drop ginn, wou d'Produkter hierkommen. D'Produkter missten och méi "klimagerecht" produzéiert, an dat misst dann och honoréiert ginn, "an dat wäert dann dono, beim Endprodukt, méi deier ginn", sou d'Martine Hansen.

Manner oder kee Fleesch wier der Martine Hansen no awer nëmmen e klengt Stéck am grousse Puzzel vu Mesuren, déi een huele misst, fir dem Klimawandel entgéintzewierken.

Lëtzebuerg géif nach méi traditionell produzéiere wéi d'Ausland

Fir de Wiessel vun der quantitativer, industrieller Masseproduktioun op eng qualitativ a méi nohalteg Fleeschproduktioun schéngt Lëtzebuerg net all ze schlecht opgestallt ze sinn. Dem Direkter vu Convis Christoph Peifer-Weihs no, wier d'Rëndfleeschproduktioun hei am Land, am Verglach mat anere Länner, méi extensiv wéi intensiv. D'Béischten hei zu Lëtzebuerg, seet hien, géifen dacks a grousse Ställ oder op der Wiss "ronderëm lafen". Dat wier zu Lëtzebuerg nach méi traditionell, wéi zum Beispill an Däitschland, wou "d'Véi eigentlech nëmmen nach am Stall steet a guer net méi eraus geet".

Esou eng Rëndfleeschproduktioun, op Gréngfläch, wéi et se zu Lëtzebuerg nach vill géif ginn, a wou d'Béischte manner mat Kären oder Soja gefiddert ginn, wier manner CO2-intensiv a besser fir d'Biodiversitéit. Mee fir dat nach ze verbesseren, zum Beispill duerch eng Reduktioun vum Ammoniak a Methan, déi bei der Produktioun ufalen, wier finanziell problematesch. D'Profit-Margë vun de Fleeschbauere wieren zanter Joerzéngte kaum geklommen.

Méi héich Präisser als "Wee aus dem Däiwelskrees"

Doduerch wier d'Landwirtschaft zu ëmmer méi Produktioun gezwongen, wa se net méi fir hir Produkter géif kréien. "An dowéinst komme mir aus deem Däiwelskrees nëmmen eraus, wann de Mehrwäert fir d'Ëmweltleeschtungen och dem Bauer bezuelt gëtt", sou den Direkter vu Convis.

Den aktuelle Subventiounssystem fir d'Baueren ass fir déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz ee vun den Haaptknackpunkten, fir e Paradigmewiessel an der europäescher Agrarpolitik ëmzesetzen.