Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach keng Consignen a Saachen Kräizimpfungen

Impfcampagne

Nach keng Consignen a Saachen Kräizimpfungen

Eppes méi wéi 15.000 Leit hu sech an deene leschten Deeg op d'Johnson&Johnson-Waardelëscht agedroen, esou de Luc Feller. Iwwerdeems gëtt et nach keng Consignen a Saache Kräizimpfung.







auto_stories

2 min

De Luc Feller ass als Haut-Commissaire à la Protection nationale fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne zoustänneg

Lauschterenplay_arrow


An den éischten Deeg hu sech 15.171 Leit fir Janssen ageschriwwen an nëmme 4.575 Leit fir AstraZeneca, dorënner 800 Leit déi sech net op deenen zwee Lëschten agedroen hunn. Fir de Luc Feller, Haut-Commissaire à la Protection nationale, kéint een awer net dervu schwätzen, datt AstraZeneca géif evitéiert ginn.

Et misst een drun denken, datt d'AstraZeneca-Lëscht, am Géigesaz zur Janssen-Wardelëscht, scho fir d'Leit tëscht 30 bis 54 op war. Zanter dem Ufank vun der Campagne, wou AstraZeneca fir Fräiwëlleger opgemaach gouf, hätte sech iwwer 40.000 Leit ageschriwwen.

D'Stocke mat AstraZeneca si momentan nach gutt gefëllt, déi wäerten allerdéngs och an deenen nächsten Deeg gebraucht gi, esou de Luc Feller weider:

"D'Situatioun ass esou datt mer am Moment ronn 12.000 Dosen am Stock hunn, mer wäerten des Woch nach ronn 7.000 Dose kréien. Déi wäerte mer integral benotze fir Zweetimpfungen iwwer déi nächst zwou Wochen, well mir hunn iwwer déi nächst zwou Woche ronn 18.000 Zweetimpfungen ze maachen."

Dat géif och erklären, firwat een de Moment keng Invitatioune fir AstraZeneca kéint erausschécken. D'Firma hätt mëndlech confirméiert, datt am Laf vun nächster Woch eng gréisser Liwwerung kéim - soubal een déi Confirmatioun hätt, kéint een "déi Invitatioune fir déi Leit déi sech elo op d'Lëscht gesat hunn nach erausschécken", esou den Haut-Commissaire à la Protection nationale.

En Theema si momentan jo och déi sougenannte Kräizimpfungen, also Zweetimpfunge mat engem aneren Impfstoff wéi AstraZeneca. Dem Luc Feller no wier dat eng Diskussioun. déi momentan gefouert géif ginn: op den Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses hin, dee jo esou Impfunge recommandéiert huet, gouf et bis elo allerdéngs nach keng offiziell Consignen.