Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nach net zeréck an enger Normalitéit"

Deconfinement

"Nach net zeréck an enger Normalitéit"

Zanter e puer Woche kënnt et an den Handicap-Strukturen uechter d'Land ëmmer méi zu Oplockerungen. Iwwer dräi Méint war de Secteur wéinst der Kris am Confinement. Trotz Deconfinements-Mesurë kéint een nach net vun enger Normalitéit an hire Wunnstrukture schwätzen, esou de Christophe Lesuisse, Direkter vun der Associatioun Tricentenaire am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Ronn 100 Mënsche mat enger Behënnerung ginn an de Strukture vun der Associatioun Tricentenaire betreit. Mëtt Juni hätte si ugefaangen éischt Deconfinements-Mesurë bannent hire Wunnstrukturen anzeféieren, esou den zoustännegen Direkter Christophe Lesuisse.

D'Gestes barrières wieren nach strikt anzehalen, mee zanterhier wiere beispillsweis Familljevisitten nees ënner manner strikte Confinements-Oplage méiglech. Dofir wier en Test néideg a Féiwer géif gemooss ginn. Et misst een net méi a Quarantän goen, wann een d'Wunnstruktur verléisst.

De Confinement ass eng schwéier Zäit

Sollt et awer zu engem Infektiounsfall mam Coronavirus bannent enger Wunnstruktur kommen, da misste si d'Haus nees ënner Quarantän setzen, dorënner och d'Fleegepersonal. An deem Fall wiere Visitten och net méi méiglech.

Den Direkter vun der Associatioun Tricentenaire betount awer, datt de laange Confinement fir vill Bewunner eng psychologesch schwéier Zäit war. Och wann zu Lëtzebuerg den Ament d'Infektiounszuele klammen, wéilt ee vermeiden d'Wunnstrukturen nees an e Lockdown ze setzen, well dat fir d'Bewunner schwéier wier, grad wann de Rescht vun der Gesellschaft am Deconfinement ass.

Dofir géif ee versichen en Equiliber tëschent de Rechter vum Eenzelen an dem Schutz vun alleguer de Awunner, de Famillen an de Mataarbechter ze fannen, esou nach de Christophe Lesuisse.