Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach onkloer, wéini d'Maternité zu Ettelbréck nees opmécht

Manktem u Spezialisten

Nach onkloer, wéini d'Maternité zu Ettelbréck nees opmécht

Den Direkter vum Ettelbrécker Spidol hofft, datt d'Maternité vu senger Klinik esou séier ewéi méiglech nees kann opgoen. Wéi séier dat méiglech ass, kann de Paul Wirtgen awer nach net soen. Fraen déi an nächster Zäit zu Ettelbréck sollten accouchéieren, géifen elo an d'Spideeler an der Stad transferéiert ginn.

auto_stories

1 min

Den Dr. Paul Wirtgen ass Direkter vum Ettelbrécker Spidol.

D'Ettelbrécker Spidol hat e Méindeg an engem Communiqué matgedeelt, datt vun Dënschdeg u keng Accouchementer méi do méiglech sinn. De Grond ass e Manktem u spezialiséierten Doktere fir d'Urgencë bei Gebuerten ze assuréieren.

Fraen, déi an nächster Zäit zu Ettelbréck sollten accouchéieren, géifen elo an d'Spideeler an der Stad transferéiert ginn, esou de Paul Wirtgen.

Ob si do weider vun deem selwechten Dokter kéinte betreit ginn, kéint hien net soen. Dat géif vun der Organisatioun vun all Klinik ofhänken. "An an all Klinik huet een normalerweis hautdesdaags aus Sécherheetsgrënn een Dokter. Ee Gynekolog, den d'Garde huet. An doduerch kritt ee warscheinlech en aneren Dokter."

Concernéiert Frae solle sech un hire Gynekolog wenden

De Paul Wirtgen erkläert, datt déi betraffe Fraen sech onbedéngt direkt un hire Gynekolog wende sollen. Et wier souwäit alles mat den Dokteren ofgeschwat an organiséiert an D'Clinique Bohler, d'Hôptiaux Robert Schuman an den CHL wiere prett fir dem CHdN ze hëllefen.