Radioen

On air

De Moien  |  Electric Light Orchestra - Don't Bring Me Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Näischt fundamental Neies"

Alters- a Fleegeheemer

"Näischt fundamental Neies"

En neie Gesetzesprojet soll fir méi Transparenz bei de Präisser a Servicer vun Alters- a Fleegeheemer suergen. Den deementspriechende Gesetzesprojet gouf vum Familljeministère virun enger Woch deposéiert. De Marc Fischbach, President vun der COPAS, dem Daachverband vun den Hëllefs- a Fleegedéngschter, mengt, datt dat fir d'Strukturen awer net direkt eppes ännere wäert.

auto_stories

3 min

Rahel Könen: Hält de Gesetzesprojet dat, wat e versprécht? Wéi zefridde sidd Dir am Projet?

Marc Fischbach: Ouni dem definitiven an och schrëftlechen Avis vun der COPAS virgräifen ze wëllen, enthält den neie Projet inhaltlech näischt fundamental Neies, wat eigentlech der haiteger Praxis um Terrain entsprieche géif.

Et ginn natierlech eng Rei vun Dispositioune am Text, déi mir begréissen, zum Beispill punktuell Dispositiounen, fir déi mir als COPAS och Demandeure waren, well se méi Transparenz an d'Alters- a Fleegestrukture bréngen.

Ginn et Punkten déi nach feelen oder déi an Ären Aen nach eng Kéier iwwerschafft misste ginn?

Ech weess net, wat feele géif. Mir begréisse selbstverständlech, datt et beispillsweis zu méi Transparenz kënnt bei de Präisser an de Servicer duerch d'Schafe vun engem Regëster am Familljeministère. Dëse Regëster gëtt mat Informatiounen alimentéiert, déi vun de Prestatairë geliwwert ginn, zum Beispill d'Präisser, d'Pensiounspräisser, d'Supplemente par Rapport zu deem, wat net am Basispräis vun der Pensioun enthalen ass.

Et ginn och déi Servicer opgelëscht, déi geleescht ginn, respektiv net kënne geleescht ginn. Am Regëster steet zum Beispill och de Fleegekonzept, wat jo e wesentleche Bestanddeel vum Projet d'établissement ass, dat an all Haus oder Institutioun muss erschafft ginn, wann et en nach net gëtt.

Ass domat d'Präistransparenz fir eeler Leit garantéiert?

Ech menge schonn, mee ech soen och net, datt se virdrun net garantéiert war. Ech soe just, datt een direkt Interesséierte keen globalen Iwwerbléck hat, oder zumindest d'Méiglechkeet net hat fir d'Präisser, d'Servicer, an och d'Konzepter vun den eenzelen Haiser direkt ze vergläichen.

Dat dierft mat deem Regëster änneren, deen elo soll geschaaft gëtt am Familljeministère, sou datt jiddwereen um Site selwer kann nokucken, wat déi eenzel Haiser, respektiv Strukturen, fir e bestëmmte Präis bidden.

Wéi eng Qualitéitsstandarde musse Prestatairen de Leit an de Fleege- oder Altersheemer landeswäit garantéieren?

Et geet hei ëm d'Qualitéit vun der Gestioun an domat och d'Gestioun vun de Reklamatiounen. De Secteur beméit sech zanter méi wéi 20 Joer ëm eng Verbesserung vun der Qualitéit, net nëmme vun de Leeschtungen, mee och vun de Strukturen a vun der alldeeglecher Gestioun.

Ech fannen et absolut gutt an ubruecht, datt am neie Projet virgesi gëtt, datt jiddwer Prestataire e System vu Gestiounsqualitéit muss kënnen noweisen, wat et haut scho gëtt. Ech mengen, et gëtt kee Prestataire, deen net seng eege Qualitéitsstandarden applizéiert.

Et ass elo ganz kloer: elo muss zum Beispill all fënnef Joer eng intern Enquête gemaach ginn, zesumme mat de professionelle vum Secteure an zesumme mat de Bewunner vun der jeeweileger Struktur. Aus dëser Enquête soll erauskommen, a wéi wäit dann eng gewësse Qualitéit, déi een erwaarden dierf, och erreecht konnt ginn.