An Däitschland gëlt fir audiovisuell Medien eng Obligatioun zu sougenannter "Staatsferne", also enger staarker Onofhängegkeet vum Staat. RT, fréier bekannt als Russia Today, kann dowéinst keng däitsch Lizenz fir een Tëlleesprogramm kréien, seet de Mark Cole:
"Im Fall von RT ist die Situation relativ klar. Da wird auch kein grosses Versteckspiel drum gemacht, dass das Unternehmen, das dahinter steht, eng mit dem Kreml verbunden ist. Deshalb in der Tat, nach den Buchstaben des Gesetzes, wenn ein Antrag in Deutschland gestellt würde, würde der abgelehnt werden."
Wat huet RT ugefrot?
D'EU ass ee Bannemarché, an et geet duer eng Autorisatioun an engem Land ze hunn, fir dierfen an den anere 26 Länner ee Fernsehprogramm ze senden. RT huet elo eng Ufro zu Lëtzebuerg gemaach - wou et de Critère vun der "Staatsferne" net gëtt. Net bekannt ass awer, wéi eng Zort Autorisatioun gefrot gouf, betount de Mark Cole.
Jee no Zort vu Lizenz wieren d'Oploe fir d'Zouloossung méi strikt. An et kéint och sinn, datt RT DE mat enger russescher Lizenz aus Russland wéilt senden. Da géif zu Lëtzebuerg just eng Autorisatioun ugefrot ginn, fir als Sender aus engem Drëttstaat de Programm iwwer Satellit an der EU ze verbreeden:
"Warum dann in Luxemburg? Weil in Luxemburg SES seinen Sitz hat und die Astra-Satelliten sozusagen die Rechtshoheit Luxemburgs auslösen können, wenn über Astra ein solches Programm verbreitet wird."
Wann et zu enger Lizenz oder enger Autorisatioun zu Lëtzebuerg kéim, kéint d'Medienopsiicht ALIA mam Programm vun RT awer duerchaus Problemer hunn, mengt de Mark Cole. Wann zum Beispill d'Situatioun op der Krim falsch duergestallt géif ginn, kéint d'ALIA dat sanktionéieren.
Ëmgoen ass net erlaabt
Aus däitscher Siicht wier iwwerdeems kloer, datt RT däitsch Gesetzer ëmgaangen hätt, wann en anert Land eng Autorisatioun erdeelt, mengt de Professer fir Medierecht. RT hätt selwer ëffentlech gesot, datt een eigentlech eng däitsch Lizenz wéilt. Geplangt wier och iwwer d'Aktualitéit an Däitschland berichte fir een däitsche Public.
Wann RT dann awer op Lëtzebuerg geet, dann wier dat "ee ganz kloren Indicateur", datt national Regelunge sollen ëmgaange ginn.
Sträitprozedur
De Sträit ob nationalt Recht ëmgaange gouf, an deemno awer déi däitsch Autoritéite missten zoustänneg sinn, kéint spéider och viru Geriicht landen. Als éischt géif awer versicht ginn esou Froen tëscht den nationalen Medienopsiichtsgremien aus de Memberlänner ze klären, also am Grupp vun de Regulateuren, dem sougenannten ERGA:
"Das Problem an dieser Prozedur ist, die ist hochkomplex. Wurde erst einmal ausprobiert, damals erfolglos. Schweden hatte versucht zu argumentieren, dass es eine Umgehung gab. Da ging es um Alkoholwerbung in einem Sender. Aber das ist ein so komplexes Verfahren, dass es in 30 Jahren erst einmal ausprobiert wurde. Und da glaube ich, diese Kooperationsformen und die Rolle der ERGA muss ausgebaut werden."
Prinzip vum Hierkonftsland
Datt amplaz eenheetlech Zouloossungsregele fir audiovisuell Medien an der EU kéinte fixéiert ginn - an och eng europäesch Opsiicht géif agefouert ginn, kann de Mark Cole sech iwwerdeems nëmme schwéier virstellen.
D'Verträg géifen d'Kompetenze vun der EU am Medieberäich limitéieren, an déi national Situatioune wieren ze vill verschidden. Dowéinst géif de Prinzip vum Hierkonftsland weider bestoe bleiwen - ee Prinzip vun deem Lëtzebuerg als Mediestanduert profitéiert.
Audiovisuell Medien vs Digital Déngschter
D'Tëllee bleift de wichtegste Medium an der EU: Dem leschten Eurobarometer-Sondage no kucken 90 Prozent vun den Europäerinnen an Europäer op mannst eemol d'Woch Tëllee. Mam Internet oder de soziale Medien erreecht ee par konter am europäeschen Duerchschnëtt just 80 respektiv 60 Prozent vun de Leit.
Datt iwwer Lizenze fir Fernsehprogrammer diskutéiert gëtt an iwwerhaapt fir audiovisuell Medien streng Oploe gëllen, wier net anachronistesch, seet de Mark Cole. De Problem wier vill méi, datt fir d'Verbreede vu Contenu um Internet a ville Fäll nach keng ähnlech Regele gëllen.
D'EU wëll genau dat elo maachen: Fir Facebook, Twitter a Co sollen et méi kloer Regele gi wéi si mam Contenu op hire Plattforme mussen ëmgoen. Dat proposéiert Gesetz iwwer "Digital Zervisser" hält de Mark Cole, fir ee grousse Fortschrëtt. Dozou gehéieren ënnert anerem transparent Regelen, wéini Contenu muss geläscht ginn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.