Esch 2022 Nancy Braun: Esch 2022 soll Piste leeë fir sech weider ze entwéckelen

Esch2022 géif e Succès gi wann nohalteg eppes bleift: dofir schwätzt d'Nancy Braun och léiwer vun engem Projet wéi vun engem Kulturjoer, well et eben net mam 31. Dezember soll eriwwer sinn. Am 100,7-Interview weist si sech optimistesch, datt dat och funktionéiert.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Nancy Braun
D'Nancy Braun ass Generaldirektesch vun Esch 2022

Esch 2022 soll Piste leeë fir sech dono weider ze entwéckelen, mengt d'Nancy Braun: "Et sinn Initiative geholl ginn, sief et um kulturelle Plang, awer och um touristesche Plang, um Nohaltegkeetsplang, déi elo schonn initiéiert gi sinn an déi sech duerno solle weider entwéckelen a weider droen."

No de villen negative Schlagzeilen am Virfeld wier elo eng flott Dynamik entstanen. Déi meescht vun den 160 Projete wieren och finanziell ofgeséchert, just bei 20 géif nach en Deel vum Budget feelen.

Kultur fir jiddwereen

D'Konzept vun enger Kulturhaaptstad wier, datt et weder eng Konscht-Biennale nach eng Kiermes wier.

"Et ass am Fong eppes do dertëscht: Kultur ganz breet geduecht, fir datt een och wierklech déi ganz Populatioun vun enger Regioun - awer net nëmmen, mee och Touristen - kann an d'Regioun bréngen a vum Programm profitéiere loossen."

D'Originalitéit vun Esch 2022 besteet jo doran, datt all d'Südgemenge matmaachen, all Mount gëtt eng aner an de Fokus geréckelt: Käerjeng mécht do den Ufank. Et kommen och aacht franséisch Grenzgemengen zum Zuch.

D'Ouverture vun Esch 2022 ass a gutt siwe Wochen, de 26. Februar mat engem grousse Fest am Zentrum vun Esch an um Belval. Bis Enn Dezember sinn eng 2.000 Evenementer geplangt, seet d'Nancy Braun.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Nancy Braun
Kulturjoer 2022

D'Nancy Braun, Direktesch vun Esch 2022, weist sech optimistesch, datt all d'Projeten déi geplangt sinn, och Realitéit ginn. Dee Prozess wier am Gaang si hofft, datt e "relativ schnell" kéint ofgeschloss ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen