Eng 15.000 Leit gi via Online Questionnaire iwwer hir Meenung zum Rassismus an der Immigratioun an zu hirer Perceptioun vun ethno-racialen Diskriminatioune befrot: dat aus der Vue vum Témoin oder Victime.
Secteurs à risque ginn ënnersiicht
Fir de quantitativen Deel vun der Etüd iwwer Rassismus ass de LISER zoustänneg. Et wéilt een eng Foto vun der Gesellschaft par Rapport zum Phenomeen vum Rassismus maachen. Ënnersicht gi sougenannt "secteurs à risque", also Domainer wou d'Potential vun ethno-racialen Diskriminatiounen am gréisste sinn, esou de Frédéric Docquier vum LISER. Dorënner géif d'Police falen, awer och Logement, Administration publique an d'sozial Medien.
De quantitative Volet vun der Etüd riicht sech un ethnesch Minoritéite souwéi un gebiirteg Lëtzebuerger, esou datt een ënnerschiddlech Vuë kritt:
"Les luxembourgeois peuvent avoir une opinion tranchée sur l'immigration en tant que tel. Ils peuvent penser qu'il y a trôp d'immigrés ou bien au contraire, que l'immigration contribue à leur bien être et à la résilience de l'économie face aux différents chocs. C'est un questionnaire ou certaines parties évidemment vont s'addresser plus à des minorités qu'à des luxembourgeois, mais d'autres parties vont toucher l'ensemble de la société."
Et wier fir Lëtzebuerg eng Première, datt esou eng Etüd iwwer de Rassismus gemaach gëtt. D'Envergure vun der Etüd wier grouss:
"On est dans l'ère Black Lives Matter, dans tous les pays industrialisés, on a ce type d'enquête. Il y a des pays ou il y a des traditions déjà d'enquêtes sur ce thème qui est bien ancrée au Luxembourg (...) Dans un premier temps, je pense qu'il est utile d'avoir ce type d'enquête pour identifier les communautés qui sont les plus a risque, identifier les secteurs ou les personnes ressentent le plus de discrimination de racisme, avant de pouvoir mener des politiques voire des études plus précises sur ces secteurs."
Weider Schwéierpunkter sollen an Zukunft gesat ginn
De qualitative Volet vun der Etüd iwwerhëlt de Cefis. Interviewe mat 55 Acteuren aus der Zivilgesellschaft, vu verschiddenen Institutiounen esou wéi aus de Beräicher Aarbecht, Logement, Justiz an Enseignement goufe scho gefouert. Elo wier d'Analys drun. An déi géing da mat de Resultater vum Online-Questionnaire zesummefléissen, seet de Sylvain Besch vum Cefis. Nieft den Entretienen hat ee fir d'qualitativ Enquête eigentlech och en Deel mat Victimme vu Rassismus virgesinn, mee dem Sylvain Besch no wier dëst aus zäitleche Grënn net geschitt:
"Et ass wichteg, datt dee Volet ge-highlight gëtt, datt een déi Saach d'nächst Joer vläicht ka weiderféieren. Sou sinn ech an deem Sënn zouversiichtlech, datt dat geschitt. Ech gesinn dat net als Annexe, mee ech gesinn, datt dat och op gläichem Niveau soll traitéiert ginn."
D'Chamber huet Resultater vun der Rassismus-Etüd bis Enn vun dësem Joer gefuerdert. Zil misst et si fir d'Forme vu Rassismus hei am Land z'analyséieren an d'Situatiounen z'identifizéiere wou déi Concernéiert diskriminéiert ginn, huet et an der Motioun vu Juli 2020 geheescht. Iwwerdeems misst d'Etüd een Avis dozou ofginn, wéi effikass aktuell Mesurë géint de Rassismus sinn, a Verbesserungsvirschléi maachen.