Radioen

On air

Notturno  |  Sensu - Subsol (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationale Service fir Ëmweltmedezin

Medezin

Nationale Service fir Ëmweltmedezin

D'Ëmsetzung vum geplangten nationale Service fir Ëmweltmedezin ass nach am Ufanksstadium, seet den Direkter vum CHEM. De Koalitiounsaccord gesäit dëse Service vir. Viséiert si Patienten, deenen hir Krankheet mat Ëmweltfacteure wéi zum Beispill chemesche Substanzen a Verbindung bruecht gëtt.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / ARPON PONGKASETKAM

Well de Service an eng speziell Unitéit vum geplangte Südspidol vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch soll kommen, soll de CHEM bannent 18 Méint ënner anerem een detailléierten Ëmsetzungsplang ausschaffen. Den Ament stelle sech nach eng ganz Partie Froen.

D'Fro, ob de CHEM oder d'Hôpitaux Robert Schumann fir de Service sollen zoustänneg sinn, stellt sech allerdéngs mëttlerweil net méi. Béid hu bal zäitgläich d'lescht Joer eng entspriechend Demande eragereecht.

D'Direkter vu béiden Institutioune wiere sech eens, datt nëmmen ee vu béiden der Aufgab soll nokommen an et keng Zesummenaarbecht soll ginn, esou de CHEM-Direkter Hans-Jörg Reimer. Et wier e Service, deen nëmmen zwou Hospitalisatiounsplaze géif virgesinn a sechs ambulant Plazen. "Do hu mer gesot, entweder mécht deen een et oder deen aneren. Ee muss einfach am Lead sinn, an dat dann och kënnen ëmsetzen.", esou de Hans-Jörg Reimer.

Ëmsetzung: Nach am Ufank

Beim Plang fir d'Ëmsetzung wier een awer nach ganz am Ufank, esou nach den Hans-Jörg Reimer. Am Bau vum geplangte Südspidol wier scho mol fir de Service Ëmweltmedezin ee separaten Zougang virgesinn. Do hätt een d'Méiglechkeet mat enger eegestänneger Klimatisatioun a mat dem entspriechende Schutz an d'Richtung vun enger sougenannter clean unit ze goen.

Am Ufank wieren 200 Quadratmeter ugeduecht gewiescht, déi een huet missten adaptéieren. Et wieren aacht Spidolsbetter virgesi gewiescht, mee d'Spidolsgesetz géif der nëmmen zwee erlaben. De Rescht wieren ambulant Plazen, an déi hätt een dem Gesetz ugepasst.

D'Schafe vun esou enger clean unit wier deen einfachsten Deel, well een zu Lëtzebuerg mat engem Bauingenieur an deenen entspriechende Substanzen déi entspriechend Kompetenzen hätt. "De Bau ass net de Problem", seet den Hans-Jörg Reimer. De Finanzement vun de verschiddene Ressourcë bannent dem geplangte Service wier awer ee Problem:

"Nämlech zum Beispill vun engem Bauingenieur, dee soll zur Verfügung stoen. Oder awer vun engem Dokter, wou ee sech och muss Gedanke maachen a wat fir ee Remuneratiouns-System een e bréngt. Ob dat elo e Salariat ass, oder ob dat awer à l'acte ass. Mir mussen eis Gedanken doriwwer maachen, wat e Basispak vun Ëmweltmedezinesche Laboanalysen ass. A wat d'CNS gewëllt ass, do matzedroen."

Dräi Ëmweltmedezinner zu Lëtzebuerg

Den Ament géifen zu Lëtzebuerg nëmmen dräi Ëmweltmedezinner aktiv um Terrain schaffen, seet sengersäits den Dokter Roby Thill. Hien ass President vun der Associatioun vun den Ëmweltmedezinner (ALMEN). Ee Grond wier senger Meenung no, datt d'Consultatioune fir déi betraffe Patienten zäitopwändeg wieren, an d'Dokteren dofir net entspriechend remuneréiert géife ginn.

Den Zäitfaktor misst senger Meenung no an der Nomenclature berücksichtegt ginn. Et stinn also nach eng Partie Froen op. Fir Äntwerten ze fanne géif de CHEM mat verschiddenen Universitéite Kontakt ophuelen, ënner anerem mat der Université catholique de Louvain (UCL). Hei wier een amgaang mat enger gudder Ëmweltmedezin eng Collaboration de base unzefänken.

Bis de Service vun der Ëmweltmedezin am Südspidol funktionéiere wäert, soll den Departement an der Clinique zu Nidderkuer ënnerkommen, esou de Gesondheetsminister an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro zum Theema. An de CHEM wéilt do dem Minister no mat sengem neie Service bannent engem Joer ufänken.