Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalitéit als global Tromp

Fräie Mikro

Nationalitéit als global Tromp

Am Abrëll gouf zu Lëtzebuerg haaptsächlech iwwer dräi Saache geschwat: dat schlecht Wieder, den Heescherteverbuet an der Stad an déi - bis elo - iwwer 8.000 Brasilianer, plus hir mannerjäreg Kanner, déi dank dem Artikel 29 vum Lëtzebuerger Nationalitéitegesetz vun 2008 nieft der brasilianescher elo och déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.

auto_stories

4 min

De Flug vu Vertrieder vu fënnef Lëtzebuerger Parteien op Florianopolis a Brasilien war dëse Mount am Zentrum vun enger Polemik, déi awer de Kär vum Problem net ugeschwat huet. Dee betrëfft nämlech net d'Aktioun u sech, well d'Parteien sech hei legitimerweis ëm potentiell Dausende Wieler fir d'Parlamentswalen am Oktober këmmeren.

Wat gouf 2008 decidéiert?

Déi potentiell Wieler sinn eng ongewollte Konsequenz vun der Reform vun der Lëtzebuerger Nationalitéit am Joer 2008. Wat gouf deemools decidéiert ? Engersäits d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit méi liicht ze maachen fir Immigranten an hir Nokommen, iwwer d'duebel Nationalitéit an den duebelen Droit du sol an anerersäits och den Emigranten, also de Lëtzebuerger am Ausland, d'Méiglechkeet ze ginn, wann se d'Lëtzebuerg Nationalitéit verluer hunn, se am Kader vun der duebeler Nationalitéit erëmzekréien, iwwer den Artikel 14.

Ouni datt d'Politiker sech wuel vill dobäi geduecht hunn, ausser vläicht un "de Monni aus Amerika", gouf awer och decidéiert, iwwer den Artikel 29, Nokomme vu Lëtzebuerger, déi viru méi wéi 100 Joer ausgewandert waren, d'Méiglechkeet ze ginn, bannen engem Zäitraum vun zéng Joer, d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze recouvréieren. Als ee vun den éischten hunn ech no 2008 als Historiker drop higewisen, datt déi Kategorie déi mat am meeschte vum Gesetz wäert profitéieren, déi Leit sinn, déi se iwwer e wäitleefege Virfar erëmkréien, deen, wéi d'Gesetz seet, virun 1900 Lëtzebuerger war.

D'Brasilianer/Lëtzebuerger an der Majoritéit

Meng Prognos war richteg. Vun de Lëtzebuerger oder Nokomme vu Lëtzebuerger am Ausland kruten der nëmmen 332 d'Lëtzebuerger Nationalitéit zeréck iwwer den Artikel 14[1], mee - bis 2022 - méi wéi 36.000 iwwer den Artikel 29,[2] de "Re-Ethniséierungsartikel" wéi ech e genannt hunn. Dat ass een Drëttel vun allen neie Lëtzebuerger zanter 2008. Den 31. Dezember 2025, wann dës Méiglechkeet definitiv ausleeft, sinn d'Brasilianer/Lëtzebuerger d'Majoritéit vun den da méi wéi 40.000 Lëtzebuerger duerch Recouvrement.

Wat suwuel de Conseil d'Etat wéi d'Chambre de Commerce schonn deemools kritiséiert hunn, ass datt d'Gesetz fir Immigranten an Emigranten "deux poids, deux mesures" uwent, vu datt d'Auslänner zu Lëtzebuerg e Sproochentest musse packen an eng Partie Jore Residenz mussen hunn, als Zeeche vun Integratioun, wärend d'Nokomme vu Lëtzebuerger am Ausland weder dat eent nach dat anert brauche virzeweisen.

Nationalitéit als Luxusbesëtz

D'Haaptironie vun dësem Trapewitz vun der rezenter Nationalitéitsgeschicht läit awer doran, datt grad dës Mesurë mat ethneschem Hannergedanken net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och an aneren europäesche Länner, an Zäite vu Globaliséierung a groussen Inegalitéiten tëscht de Kontinenter an also tëscht de Wäerter vun engem Pass, am Fall zum Beispill vun Dausenden Nokomme vu Lëtzebuerger a Brasilien, d'Dier opgemaach hu fir eng opportunistesch, sougenannte strategesch zweet Nationalitéit. Eng "Premium Citizenship", déi an de meeschte Fäll net zu enger Migratioun an dat Land féiert, mee zu méi Reesfräiheeten iwwer EU-Pass, zu enger Versécherung fir d'Zukunft, fir d'Kanner. Nationalitéit als private Luxusbesëtz, deen zu Avantagen an der globaler Welt konvertéiert ka ginn.[3]

Tjo, éischtens kënnt et anescht, an zweetens wéi een denkt.

Den Historiker vum C2DH Denis Scuto ass zanter 2008 nationalen Expert fir Lëtzebuerg um European Union Democracy Observatory (EUDO), deen zanter 2017 Global Citizenship Observatory (GLOBALCIT) heescht. Vum 1. Mäerz bis zum 30. Juni 2023 ass den Denis Scuto Visting Fellow um Robert Schuman Centre for Advanced Studies vum European University Institute zu Florenz, wou och de Sëtz vu GLOBALCIT ass.


[1] Den Artikel 14 am Gesetz vum 23. Oktober 2008 zur Lëtzebuerger Nationalitéit gouf den Artikel 39 vum neie Gesetz vum 8. Mäerz 2017 zur Lëtzebuerger Nationalitéit.

[2] Den Artikel 29 am Gesetz vum 23. Oktober 2008 zur Lëtzebuerger Nationalitéit gouf den Artikel 89 vum neie Gesetz vum 8. Mäerz 2017 zur Lëtzebuerger Nationalitéit.

[3] Zur strategescher Nationalitéit am Detail : HARPAZ, Yossi, Citizenship 2.0. Dual Nationality as Global Asset, Princeton & Oxford, Princeton University Press, 2019.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.