Zanter dem Lancement vun där Initiativ hätt sech gewisen, datt dat eng "wierklech wäertvoll" Kontributioun wier, déi hëllefe géif d'NATO-Ziler ze erfëllen, seet de Gilles Feith, Coordinateur Général am Defenseministère. Dofir wäert Lëtzebuerg seng Dotatioun fir Fligeren ze kafen méi wéi verdräifachen - vun 172 op 598,4 Milliounen Euro - iwwer 30 Joer.
An Tëschenzäit hu véier aner Länner sech ugeschloss, dorënner d'Belsch an Däitschland. Déi sechs Länner wëllen zesummen op d'mannst aacht där Tank-Fligere vum Typ Airbus A330 MRTT kafen a bedreiwen. Déi éischt zwee sollen d'nächst Joer geliwwert ginn.
Méi Sue gëtt Lëtzebuerg och aus fir d'AWACS Iwwerwaachungsfligere vun der NATO. Dat präziséiert de Verdeedegungsminister an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. Déi aktuell Flott vu 14 AWACS Fligeren, déi ënner lëtzebuergeschem Fändel fléien, soll moderniséiert ginn. Fir eng Milliard US Dollar. De Minister preziséiert: Lëtzebuerg géif dësen Upgrade mat finanzéieren, zu 0,10 Prozent vun de Gesamt-Käschten - dat heescht, et wäert Lëtzebuerg eng Millioun US Dollar kaschten. D'AWACS Fligere sollen 2035 zeréckgezu ginn, wat dono kënnt, ass nach net gewosst, mee Lëtzebuerg wëllt weider eng wichteg Roll am AWACS-Iwwerwaachungsprogramm vun der NATO spillen, sou de Gilles Feith.
Momentan wier awer nach net kloer, ob ee weider op e Fliger géif setzen, oder ob zukünfteg bemannt oder onbemannt Dronen zum Asaz solle kommen. D'NATO Support an Procurement Agency, NSPA zu Capellen, géif momentan awer "ganz aktiv" dru schaffe fir ze determinéieren, wat den Nofolger vum AWACS-Fliger soll ginn, sou de Gilles Feith.