Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - America!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Naturschutzgebitt am Trëntengerdall

Kritik un neiem Projet

Naturschutzgebitt am Trëntengerdall

Ee geplangten 1.700 Hektar grousst Naturschutzgebitt am Trëntengerdall steet op d'mannst bei enger Rei vu Baueren an der Kritik. Op enger Informatiounsversammlung d'lescht Woch koumen d'Vertrieder vum Ëmweltministère kaum zu Wuert. Mee wat ass eigentlech genee geplangt?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bei dësem Projet geet et ëm d'Schafe vun enger 1.700 Hektar grousser "Zone protégée d'intérêt national" um Terrain vun de Gemenge Bous, Conter, Duelem, Réimech, Statbriedemes a Waldbriedemes. Bongerten, Bësch a Blummewise solle geschützt ginn.

Kritik vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin

Direkt betraff ass och de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin, de Jean-Claude Muller. Fir hien ass dat Ganzt vun uewen erof decidéiert, an da géifen d'Leit blockéieren, seet hien.

Och wa bis elo net vill vu Verbueter géif geschwat ginn, wier net kloer, wéi eng Reegelen an Zukunft géifen nokommen, esou de Jean-Claude Muller:

"Wa bis eng Schraffur op der Kart ass, da kann et sinn, datt vun Europa iergendee Reglement kënnt, fir iergendeppes wou gesot gëtt, am Naturschutzgebitt ass dat net méi méiglech."

National Naturschutzzon mat nationalen Oplagen

Et wier eng national Naturschutzzon a keng europäesch, an dofir géifen och just national Oplage gëllen, erkläert de Gilles Biver vum Ëmweltministère.

D'Oplage wieren net streng, ewéi a verschiddenen aneren Naturschutzgebidder, mee éischter "soft"; d'Dünge vun de Bongerte géif erlaabt bleiwen, an et géif haaptsächlech ëm de Schutz vun de Blummewise goen, esou de Gilles Biver:

"Dat eenzegt wat am Moment virgesinn ass, ass datt een ob bestoende Biotopen net méi duerf düngen, ewéi zum Beispill ob deene blummeräiche Méiwisen [...] där sinn der nach eng Rei am Trëntengerdall, awer do sinn der, déi hu sech zum Deel verschlechtert."

Ëmweltministère: Landwirtschaft hätt näischt ze fäerten

De Gilles Biver ënnersträicht och, datt bis elo nach guer näischt decidéiert wier. Et hätt ee mol wëllen d'Leit driwwer opklären, wat ee mam Reglement iwwerhaapt Wëlles hätt.

Op den zwee Presentatiouns-Owender hätt een ugedeit, datt et nach all Méiglechkeete géif ginn, wat d'Delimitatioun vu Gebidder an awer och déi schrëftlech Aspekter ugeet.

D'Landwirtschaft hätt keng gréisser Aboussen ze fäerten, wann ob hirem Terrain keng Biotope wieren, esou nach de Gilles Biver. Si kéint esouguer vun zousätzleche Primme profitéieren. Bis elo wiere landeswäit iwwer 30 där Zonen ausgewisen, an a Konfliktfäll hätt ee meeschtens eng flexibel Léisung kënne fannen.