Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Kopfkino

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nee zu den Aschränkunge vu Mënscherechter an den USA

Fräie Mikro

Nee zu den Aschränkunge vu Mënscherechter an den USA

Fir de Bob Reuter representéiert dat rezent Urteel vum ieweschte Geriichtshaff an den USA eng Aschränkung vun de Rechter vun de Fraen a stellt hire Statut als fräi a gläichberechtegt Bierger:innen a Fro. Hie setzt sech mat de Protest-Argumenter vun der "American Humanist Association" géint déi rezent Entscheedung auserneen, a rifft zu Solidaritéit op.

auto_stories

3 min

De Bob Reuter ass de President vun der AHA (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker zu Lëtzebuerg)

De 24. Juni 2022 huet den ieweschte Geriichtshaff vun den USA d'Roe v. Wade Urteel gekippt, wat schwangere Fraen d'Recht op eng Ofdreiwung - zanter enger Entscheedung vun 1973 - garantéiert huet. D'Decisioun, wéi et beim Recht op Ofdreiwung weidergeet, gouf also un d'Bundesstaaten delegéiert.

Egal wéi elo déi eenzel Bundesstaate reagéieren, eent ass sécher: d'Rechter vun de Frae sinn ageschränkt an hire Statut als fräi a gläichberechtegt Bierger ass a Fro gestallt ginn. E Bléck op Länner mat Ofdreiwungsverbuet weist wéi d'Situatioun an den USA an Zukunft ausgesi kéint an dat léist bei mir alles anescht wéi Glécksgefiller aus.

Donieft kéint e Verbuet vun der Ofdreiwung nëmmen en éischte Schrëtt sinn an et kéinten nach aner wesentlech Rechter ageschränkt ginn: d'Recht op Verhütungsmëttel, d'Recht op konsensuelle gläichgeschlechtleche Sex an d'Recht op gläichgeschlechtlecht Bestietnes.

Protester vun der American Humanist Association

Déi reliéis konservativ Riets feieren déi rezent Entscheedung vum Supreme Court, well se hiren Dram vum Gottesstaat ee Stéck méi nobréngt. Aner Mënsche protestéiere vehement. Sou och eis Kolleeginnen a Kolleege vun der American Humanist Association.

Fir si géif déi rezent Entscheedung weider Beweiser liwweren dofir, dass déi regressiv politesch Agenda vun der Far Right am héchste Geriicht ukomm wär. D'Recht op Ofdreiwung wär laang ee Punkt gewiescht dee vun de Radical Evangelicals an de White Christian Nationalists Beweegunge benotzt gi wär fir ee Kultur-Kampf ze féieren, woubäi et drëms goe géif fir Fraen ze kontrolléieren a fir d'allgemengt Wuelbefanne vun der Gesellschaft z'ënnergruewen.

Ofdreiwungen aschränken oder als illegal deklaréiere géif nämlech d'Zuel vun Ofdreiwunge guer net reduzéieren, mee et géif just dozou féieren, datt d'Zuel vun onséchere Prozedure géif an d'Luucht goen.

Kierperlech Autonomie als vitaalt Recht

Ze behaapten, dass d'kierperlech Autonomie net déif verwuerzelt wär an der Geschicht an an der Traditioun vun den USA, wéi de Supreme Court argumentéiert huet, wär total absurd. D'Gesetzer vun den USA hätten, säit Laangem, d'kierperlech Fräiheet als ee vun deene vitaalste Rechter vum Individuum definéiert. Kierperlech Autonomie a Selbstbestëmmung wären zu déifst verankert humanistesch Wäerter déi kritesch wären fir eng inklusiv, pluralistesch a bléiend Gesellschaft ze schafen.

Zougang zur Ofdreiwung wär essentiell an dofir géif d'American Humanist Association sech weider fir eng besser Zukunft asetzen, wou reproduktiv Rechter an den Zougang zu wesentlecher Gesondheetsversuergung fir jidderee garantéiert wären. All Mënsch hätt et verdéngt selwer Entscheedungen ze treffen déi seng Zukunft an déi vu senger Famill betreffen.

Wat dofir néideg wär, wär eng gerecht an allgemeng zougänglech Familljeplanung, inklusiv einfachen Zougang zu Verhütungsmëttel an eng wëssenschaftlech fundéierter Sexualerzéiung an alle Schoule vum Land.

Als Humaniste musse mer weltwäit solidaresch zesummestoen an zesummen dofir suergen, dass jiddereen déi néideg Ënnerstëtzung kritt, fir - gutt informéiert - eegestänneg Entscheedungen ze treffen - och déi fir eng Schwangerschaft bis zur Gebuert fortzesetzen oder eben och net.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.