Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nees Konflikt an Altersheem zu Beetebuerg

Altersheem An de Wisen

Nees Konflikt an Altersheem zu Beetebuerg

Eng Rei Beschäftegt vum Altersheem an de Wisen zu Beetebuerg sinn op een Neits mat hirem Patron, der Asbl "Sodexo Résidences Services" am Konflikt. Dee seet, e kéint sech et net méi leeschten, gewëssen extralegal Avantagen auszebezuelen. D'Gewerkschaft OGBL ënnerstëtzt dat betraffent Personal weiderhin an hofft, datt den Dossier um Schlichtungsamt elo séier virukënnt. An der Direktioun vun der Asbl Résidences Services heescht et, gewerkschaftlech Aktioune wieren net gutt fir déi Leit, déi am Haus betreit ginn.

auto_stories

2 min

D'Beetebuerger Altersheem schleeft scho méi laang e Konflikt tëscht Personal an Direktioun mat sech. Aktuell geet et zwar net ëm e Sozialplang - wéi virun annerhallwem Joer - mee vu finanzielle Schwieregkeeten geet nach ëmmer rieds. De Problem bleift dee vum Kollektivvertrag.

D'Haus ass 2010 vun deem, fir d'Direktioun méi deiere Kollektivvertrag vum Spidolssecteur, an dee méi gënschtege vum Sozialsecteur gewiesselt. Fir déi Membere vum Personal, déi ënner dem fréiere Kollektivvertrag vun de Spideeler sinn oder waren, hätt ee gewëssen Avantagë weiderhi bezuelt, seet de Christian Erang vun der Sodexo-Asbl.

"Kënnen eis dat finanziell net erlaben"

Aus verschiddene Grënn géif dat awer net méi goen, seet de Christian Erang. Et hätt een un deene Verhandlungen net deelgeholl an et wier een net méi Member vun der Entente des hôpitaux. Et kéint ee sech dat finanziell net erlaben.


Christian Erangplay_arrow


De Christian Erang seet, datt d'Ännerunge vun de leschte Joren um Niveau vun der Fleegeversécherung mat sech bruecht hätten, datt d'Käschte vum Spidolskollektivvertrag staark geklomme wieren. Eleng zu Beetebuerg géifen d'Méikäschte bei ronn 900.000 Euro d'Joer leien.

Beim OGBL ass d'Roserei grouss. Ëm déiselwecht Zommen ass et d'lescht Joer scho gaangen, wéi iwwer e Sozialplang rieds gaangen ass. Deemools war et bal zu engem Streik komm. "Dat war een haarde Kampf, een haarde Match, wou déi gemaach hunn iwwer Joren", sou d'Nora Back vum OGBL. D'Personal wier ëmmer erëm ënner Drock gesat ginn an et wier ee kuerz virum Streik gewiescht. D'Direktioun hätt deemools awer schlussendlech agelenkt. Ee Joer dono hätt d'Direktioun hir Positioun nees geännert.

Schlichtungsamt ageschalt

Op Drock vum OGBL beschäftegt sech dat nationaalt Schlichtungsamt elo mat der Fro, ob déi extralegal Avantagen an de Wisen, mee och an zwee weideren Altersheemer, weider mussen ausbezuelt ginn. Fir den OGBL ass kloer, datt déi am ganzen 300 betraffe Leit ee Recht ob hir Avantagen hunn. D'Sodexo-Asbl seet, op d'mannst fir de Fall an de Wisen, d'Gewerkschaft wier just op Streik aus, an net wéi si op ee Kompromëss. Domat géif een déi eeler Leit just veronsécheren.

D'lescht Joer hat d'Regierung dem Altersheem an de Wisen iwwregens eng Hëllef versprach, fir ee Sozialplang z'evitéieren.


Bäitrag vum Christiane Kleer am Panorama vun 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow