De radio 100,7 huet säi Radiostream ëmgestallt fir Iech eng nach besser Lauschterexperienz bidden ze kënnen.
Normalerweis huet sech Ären digitale Radio vum selwen op den neie Stream ëmgestallt. Wann dat net de Fall sollt sinn, da start w.e.g de Sendersuchlauf.
Do it yourself
Et kann ee vun elo un de Stream och verschlësselt, an dräi verschidde Qualitéiten empfänken. Déi néideg Linke fannt Dir hei:
AAC 48 kBit/s : https://stream.100komma7.lu/100komma7/live/aac/48/stream.aac
MP3 128 kBit/s : https://stream.100komma7.lu/100komma7/live/mp3/128/stream.mp3
MP3 320 kBit/s : https://stream.100komma7.lu/100komma7/live/mp3/320/stream.mp3
Instruktioune fir Technisat-Radioen
Dir kënnt d'PIN, fir d'Umeldung vum entspriechenden Déngscht am Radio ausliesen. Dofir wiesselt Dir an den Internetradiobetrib a gitt an d'Senderlëscht. Vun do aus scrollt Dir ganz erof op de Punkt "Hilfe", dann op "Zugriffscode erhalten". Iwwer dëse kënnt Dir dann de Code ausliesen.
Dono gitt Dir op den Internetsite http://www.wifiradio-frontier.com. Dat ass een Déngscht, deen Iech d'Beaarbechte vun der Datebank vum DigitRadio erméiglecht. An dësem Portal kënnt Dir Iech dann mam ausgeliesene Code umellen.
No der Umeldung kann Äre Radio elo fir den Déngscht genotzt ginn. Dir kënnt Är eege Statiounen bäisetzen an de Favoritten-Ordner mat Statioune fëllen. Nodeems Dir eng URL aginn, oder ee Sender ausgewielt hutt, kënnt Dir dësen an Ären DigitRadio iwwerdroen.