National Drogebeoptraagten Nei Cannabis-Reegelen: "Kee Coup géint d'Drogekriminalitéit"

An Zukunft soll et erlaabt si véier Cannabis-Planzen doheem unzebauen. Een "decisive Coup géint d'Drogekriminalitéit" wier dat awer net, mengt de nationalen Drogebeoptragten Alain Origer.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Alain Origer
Den Alain Origer ass den nationalen Drogebeoptraagten. Foto: Archiv

Den Alain Origer seet, bei dëser Mesure géif et virun allem drëms goen d'Cannabis-Konsumente manner ofhängeg vum Schwaarzmaart ze maachen. Dat wier ee Schrëtt an déi richteg Richtung , mee dat dierft "net de leschte Schrëtt sinn", esou den nationalen Drogebeoptraagten.

Hie seet d'Regierung wier duerch d'Pandemie an hire Pläng ausgebremst gi fir de Cannabis ze legaliséieren, mee och vun Drock aus dem Ausland. Aner Länner géife ganz genau op Lëtzebuerg kucken. "An de Problem ass, datt mir dräi Grenzlänner hunn, an datt déi ganz aner Approchen hunn ewéi Lëtzebuerg." Datt do Drock vun anere Länner gemaach géif ginn, dat wier "de bonne guerre", mengt den Alain Origer.

Alain Origer wënscht sech europäesche Konsens

D'Ënnerstëtzung fir d'Legaliséierung vum Cannabis géif den Ament an Europa awer wuessen: Malta géif warscheinlech op dee Wee goen, an Italien hätt d'Cour supérieur decidéiert, datt de Verbuet vum Ubau doheem géint d'Verfassung wier. Och an Däitschland géife sech op deem Dossier Saachen doen, seet den Alain Origer.

"Wat ech mir géif wënschen, ass datt op europäeschem Niveau méi Konsens géif entstoen, a méi faktebaséiert géif iwwerluecht ginn, an datt mer eis dee Moment als klengt Land och an een europäesche Kontext kéinten aschreiwen, an net musse kucken, datt mer mat eisen Nopeschlänner eens ginn, wa mer eng Mesure maachen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Eng Cannabisplanz
Reaktiounen op Cannabisreglementatioun

D'CSV ass skeptesch wat déi annoncéiert Cannabis-Reglementatioun ugeet, déi Lénk weise sech virsiichteg optimistesch an d'Piratepartei hätt sech méi Courage vun der Regierung erwaart.

Cannabis
Rekreative Cannabis

Et gëtt Retard beim Projet "Cannabis récréatif", huet d'Justizministerin Sam Tanson confirméiert. An enger éischter Phas soll pro "Communauté domestique" d'Ubaue vu véier Cannabis-Planzen erlaabt ginn.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journalist/in fir d'Museksredaktioun

    radio 100,7

    Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Journalist/in fir d'Museksredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

  • The Benny Brown Show

Dossieren

  • Déi zwieleft Editioun vum LuxFilmFest

    Fir dës 12. Editioun vum Festival läit e besonnesche Fokus op de Filmer vun der offizieller Kompetitioun, op neie Lëtzebuerger Produktiounen a Co-Produktiounen, grad ewéi Interviewe mat Cineasten. Filmkriticke bidde mir net nëmmen Samschdes an eiser Emissioun Grousse Kino, mee och vum 7. bis 11. Mäerz an engem deegleche Rendez-vous um 17h15.

  • Konferenzen

    De radio 100,7 offréiert als Service public d'Opname vu verschidde Konferenzen zu aktuellen Theemen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen