Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Josh Island - Love Don't Come Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Famill zu Lëtzebuerg

Flüchtlingen

Eng nei Famill zu Lëtzebuerg

No annerhallwem Joer a verschiddene Foyeren zu Lëtzebuerg hunn den Nour an d'Sarah erëm en Doheem. Fir déi syresch Geschwëster fänkt beim Guy a beim Claudine een neit Liewen un. D'Koppel huet déi Zwee opgeholl.

auto_stories

5 min

De Guy mam Nour a mam Sarah

D'Sarah an den Nour fillen sech wuel am Haus vum Guy an dem Claudine. Si spille mat de Kazen, déi an der Kiche ronderëmlafen, si laachen zesummen. Vu Mëtt Januar u sinn d'Geschwëster ëmmer um Weekend op Besuch gewiescht, zënter enger gudder Woch wunnen se elo permanent bei der Koppel. Sou lues setzt d'Normalitéit an. Mee bis dohi war et ee wäite Wee.

Vun hirem alen Doheem zu Damaskus, iwwert d'Tierkei, Griicheland an de Balkan sinn d'Sarah an den Nour zu Fouss bei d'éisträichesch Grenz komm - just kuerz, ier Ungarn d'Balkanroute gréisstendeels zougemaach huet. Zu Lëtzebuerg hunn se zanterhier a verschiddene Foyere gewunnt, dat lëscht Joer an engem vun der Caritas.

"Et ass een dankbar"

De Schrëtt an e normaalt Liewe bedeit dem Sarah ganz vill: "Et war einfach riseg! Ech war ganz opgereegt, virun allem fir aus dem Foyer erauszekommen. Do war ech ëmmer traureg an hu mech schlecht gefillt. Et ass schéi bei enger Famill ze sinn, déi un Dir intresséiert ass, an no Denger Zukunft kuckt. Et ass een dankbar".

Wéi am Summer 2015 eng grouss Unzuel u Flüchtlingen an Europa an och op Lëtzebuerg komm sinn, wollten d'Claudine an de Guy hëllefen. Wa si engem jonke Mënsch domat kéinten hëllefen, da wéilten si e Flüchtling bei sech doheem ophuelen, sou d'Iwwerleeung. Si hu selwer keng Kanner, mee haten och scho mol mam Gedanke gespillt, eng Fleegefamill ze ginn.

"Et fillt een sech zimlech verluer"

De Kontakt tëscht der Koppel an de Geschwëster ass dunn am Wanter d'lëscht Joer iwwert d'Associatioun "Oppent Haus" entstanen - e Projet, dee Refugiéeë mat Léit hei am Land zesummebréngt, déi hiert Haus wëllen opmaachen a Persoune wëllen ophuelen.

Fir ee Refugié, besonnesch ee mannerjärege wéi den Nour, opzehuelen, mussen awer gewëssen Hürde geholl ginn. Déi offiziell Institutioune wieren awer keng grouss Hëllef gewiescht, erkläert de Guy. Weder beim OLAI, nach beim Lisko, nach am Foyer hätt ee sech zoustänneg gefillt, respektiv gewosst wéi eng Demarchë néideg wieren. "Et fillt een sech zimlech verluer a réischt no villen Uruffen a villem Hin an Hier weess een, wéi ee sech kann hëllefe loossen a wou een un déi néideg Informatioune kënnt", sou de Guy. Hie mengt, dat hätt och domat ze dinn, datt een d'Flüchtlingskris zu Lëtzebuerg laang just vu Wäitem gesinn hätt.

Administrativ Hürden

An deem ganze Prozess ass dem Guy an dem Claudine gesot ginn, d'Sarah hätt d'Tutelle fir säi klenge Brudder. Schlussendlech huet dat sech awer als falsch erausgestallt - hir Mamm zu Damaskus ass nach ëmmer Responsabel fir de 15-Järegen. Et gouf deemno keng physesch Persoun hei am Land, déi fir den Nour zoustänneg war.

Fir bei hir nei Famille kenne wunnen ze goen, huet d'Mamm vun de Geschwëster missen hiren Accord ginn. De Kontakt mat hir ass dowéinst séier entstanen. "Déi éischte Kéier wou si bei eis heiheem waren, hu mir iwwer Skype Kontakt mat der Mamm opgeholl. D'Sarah huet iwwersat. Et louch mir natierlech um Häerz, datt déi Mamm géif wësse wou hir Kanner dru sinn an ob se a gudden Hänn sinn", erkläert d'Claudine. D'lescht Woch huet d'Mamm dunn dee Bréif ënnerschriwwen, mat deem si autoriséiert, datt den Nour an d'Sarah bei der Koppel ënnerkommen.

Foyer: "Net d'Gefill een Doheem ze hunn"

Hir Mamm hätt nëmmen dat Bescht fir hir Kanner gewollt, seet d'Sarah. De Krich a Syrien hätt et fir si als Kanner onméiglech gemaach, an hirer Heemecht ze bleiwen. Dass hatt an den Nour elo an engem familiären Ëmfeld ënnerkomm sinn, ass fir hir Mamm eng gutt Nouvelle, erkläert d'Sarah. D'Wëssen datt hir Kanner sech am Foyer net wuel fillen hätt si krank gemaach. "Si wousst, datt mir do verluer wieren". Ëmsou méi grouss war d'Erliichterung wéi déi zwee jonk Leit een neit Doheem beim Guy a beim Claudine fonnt hunn, wou si et "méi confortabel" hunn.

Net just hirer Mamm huet d'Situatioun am Foyer net gefall. D'Liewe mat bal honnert frieme Leit op engem Raum war net einfach. De Foyer wier haart an dreckeg, beschreift d'Sarah di Platz, an deem et mam Nour e Joer laang gewunnt huet. D'Konditioune wieren net einfach an hatt wier oft immens traureg gewiescht. Och säi klenge Brudder huet sech am Foyer ni wierklech sécher gefillt: "Ech krut do ni d'Gefill een Doheem ze hunn oder protegéiert ze sinn. Frënn vu mir wollte wéinst dem Liewen am Foyer zréck a Syrien goen", erzielt de jonke Mann.

Den Nour huet een Dram

De Foyer war keng Platz, déi e Jugendleche wéi de Nour konnt encadréieren. Hien huet sech eleng a verluer gefillt. Keen hätt no him gekuckt, seet hien: "Et ass keen do dee freet wou een higeet, ob ee giess huet, ob een an der Schoul war oder geléiert huet".

Besonnesch mat der Schoul hat de Nour vill Problemer. Am éischte Joer ass de Nour aus dräi verschiddene Schoule geflunn. Mëttlerweil ass hien am Nordstadlycée zu Dikrech am Internat - do gëtt hie besser encadréiert. Hien seet selwer, hien bräicht Leit, di him och heiansdo "Nee" soen.

Während dem Weekend schafft de Nour mam Claudine u sengem Englesch - well hien huet een Dram. "Ech wëll Geschäftsmann ginn, entweder am Bankesecteur oder am Beräich vun der Informatik. Ech well mäin eegene Büro hunn, an d'Gefill hunn eppes ze sinn"-

Richteg ukomm zu Lëtzebuerg

D'Sarah géif an Zukunft och gär studéiere goen, am léifsten "Airline Management". Virdrun well hatt awer nach e Franséisch-Cours maachen a Lëtzebuergesch léieren. Dat ass och net einfach - d'Coursen sinn alleguer voll. Zënter dass et beim Guy a beim Claudine wunnt, weess hatt awer, dass et d'Sproochen och an Owescoursen ka léieren - well och dat hat am Foyer während dem ganze Joer keen him gesot.

D'Sarah an de Nour soen, si wieren elo richteg ukomm zu Lëtzebuerg. An enger Famill, déi - genau wei si - vill Wäert op Éierlechkeet an ee familiäert Zesummeliewen leet. Lo wou si erëm en Doheem hunn, fillt d'Sarah sech "endlech räich". "Net am Sënn vu Suen. Räich ass wann een um Schluss vum Dag een huet, mat deem ee ka schwätzen, an deen ee versteet", sou déi jonk Fra.