Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Die Höchste Eisenbahn - Schau In Den Lauf, Hase

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei I-Sektioun am Secondaire Classique

Edukatioun

Nei I-Sektioun am Secondaire Classique

Ënner dem Label "Future Hub" bidde vu September un zwee Lycéeën eng Informatiksektioun un. Op der neier I-Sektioun léiere Schüler vun Troisième bis Première an engem projetsorientéierte Kader ënner anerem Programméieren.

auto_stories

4 min

"Maker spaces" si fir d'Schüler accessibel (Foto: Bigstock)

Déi nei I-Sektioun ass am Secondaire Classique ugesidelt. Si riicht sech prinzipiell un all d'Schüler, seet de Marc Schmit, Professer aus dem Lycée Technique Esch. D'Informatikssektioun wier awer speziell intressant fir Schüler, déi sech fir Mathé a Physik interesséieren, mengt de Sid Mysore vum Script, dem Coordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch Innovatioun vum Educatiounsministère.

Preparatioun fir Unisstudium

Niewent Schüler vun der B-Sektioun wier déi nei Formule och fir Schüler vun der C-Sektioun interessant. "An der Bio an an der Medezin ass d'Informatik ëmmer méi wichteg. Bio-Informatik ass e Fach, wou mir enorm vill Leit sichen. Sou Schüler si ganz richteg op enger Sektioun I", seet de Sid Mysore.

Schüler déi hir Première op enger I-Sektioun maachen, hunn déi selwecht Méiglechkeet fir an d’'Beruffswelt ze starten oder e Studium unzefänken, wéi Absolvente vun enger anerer Sektioun. D'Informatikssektioun géif d'Schüler, genee wéi all aner Sektioun am Secondaire Classique, awer éischter op en Unisstudium virbereeden, präziséiert de Sid Mysore.

Déi nei Sektioun start am September mat jeeweils enger Klass vu maximal 16 Schüler am Lycée des Arts et Métiers an am Lycée Technique zu Esch. Méi spéit soll d'Sektioun och am Lycée Edward Steichen zu Klierf lancéiert ginn.

Nei Fächer a Schwéierpunkten

Ugebuede gi fënnef nei Fächer. Zum Beispill, "Sciences de la programmation", "Communication Médias" an "Technologies et innovations". Schwéierpunkten, déi behandelt ginn, wiere Reseauen oder Betribssystemer awer och den Internet of things, seet de Marc Schmit.

Doriwwer eraus ginn d'Schüler am Fach "Analys a Modelisatioun vun Informatiounen" geléiert, wéi een zum Beispill mat verschiddenen Zorte vun Datebanken ëmgeet. Virun allem d'Analys vu Big Data wier eng grouss Neierung, déi bis elo net an den Enseignements-Programmer virkomm wier, sou de Marc Schmit.

D'Fach Konschtgeschicht gëtt duerch Grafikdesign ergänzt an an de Geschichtunterrecht fléisst ënner anerem d'Geschicht vun der Informatik mat an.

Nieft all den neie Fächer géife Sproochen a speziell d'Englescht e wichtege Bestanddeel vun der I-Sektioun bleiwen, sou de Sid Mysore.

Fachiwwergräifend Kompetenzen am Mëttelpunkt

D'Schüler solle Wëssen aus verschiddene Coursen a konkrete Projeten uwenden, esou de Marc Schmit. Ee Beispill kéinten zum Beispill Wahle sinn. D'Informatik wier dann ee Mëttel zum Zweck. "Et kéint sinn, datt d'Schüler missten e ganzen Internetsite opbauen, wou d'Resultater vun deene Wahle géifen ugewise ginn. Et kéint awer och sinn, datt si missten d'Saisie maache vun deene Wahlen."

Dat neit Fach "Maitrîse d'Ouvrage" wier als Koordinatiounsfach ze verstoen, esou de Patrick Straus, Direkter vum Lycée Technique Esch. Wann an engem Fach ee Projet soll realiséiert ginn, géif ee kucken, wéi een anert Fach een Apport dozou kéint bréngen.

D'Stonnenunzuel vun engem Fach, wéi se am Stonneplang festgeluecht wier, misst een als Indikatioun verstoen, sou de Marc Schmit. Et géife villméi Kompetenze wéi Teamwork oder Leadership gefërdert ginn.

Dem Schüler säi Klassesall

De Klassesall wäert net engem klasseschen Informatiksall gläichen. Ofgesi vu verschiddene festen techneschen Installatiounen soll e flexibel kënne genotzt a gestalt ginn, sou de Marc Schmit. Ouni de Frontalunterrecht wëlle schlecht ze maachen, wéilt een dësen op der neier Sektioun op e Minimum reduzéieren. Den LTE an den LAM hätten aktuell scho sougenannt "maker spaces", wou Schüler no der Schoul kënne mat Proffen u Projete schaffen. Dës Reim kéinten och am Kader vun der neier Informatiksektioun genotzt ginn.

Infrastrukture wéi 3D-Printeren, Lasercutteren oder Plottere wiere fir d'Schüler accessibel. Si hätten och eng Keycard a kéinte bis siwen Auer an hirem Klassesall bleiwen, wa si nom Cours wéilte weider un hirem Projet schaffen. "De Klassesall soll schonn dem Schüler gehéieren", seet de Sid Mysore.

De Marc Schmit an de Sid Mysore sinn iwwerdeems iwwerzeegt, datt et fir déi éischt Jore genuch Informatiksproffen an den zwee bedeelegte Lycéeë gëtt, fir d’Coursen ze garantéieren. De Label "Future Hub" wier prinzipiell op fir aner Schoulen an d'I-Sektioun wier als Pilotprojet ze gesinn. Wann a puer Joer aner Schoulen d'Sektioun wéilten ubidden, bréicht ee weider Informatiksprofesseren, esou de Sid Mysore vum Educatiounsministère.