Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - In Bloom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei kommunal an national Grondsteier kënne fréistens 2024 erhuewe ginn

Steierpolitik

Nei kommunal an national Grondsteier kënne fréistens 2024 erhuewe ginn

Déi scho laang geplangte Reform vun der Grondsteier konkretiséiert sech: d'Regierung huet annoncéiert spéitstens an engem Joer ee Gesetzesprojet virzeleeën. Oppen ass nach, wéini déi nei Steier fir d'éischt soll erhuewe ginn. Scho reng aus technesche Grënn dierft dat awer net virun 2024 de Fall sinn, heescht et vum Inneministère.

auto_stories

6 min

Wéi berechent een de Wäert vun engem Terrain?

Viraussetzung fir d'Erhiewe vun enger neier Grondsteier ass et, datt iwwerall am Land no den nämmlechte Krittäre berechent ka ginn, wéi vill een Terrain wäert ass. Consideréiert ginn dobäi ënner anerem déi geographesch Lag vum Terrain, grad ewéi wat mam Terrain dierf gemaach, erkläert den héije Beamten am Inneministère, Frank Goeders:

"Well et ass dat, wat zu Lëtzebuerg de Wäert vun engem Terrain immens vill determinéiert. Wann ech een Terrain hunn, wou zéng Residenze kënne gebaut ginn, an et steet just een Eefamilljenhaus drop. Dann huet den Terrain net de Wäert vum Haus, mee éischter vun deem, wat ech kann domadder maachen."

Wouhier kommen d'Informatioune fir de Wäert ze berechnen?

D'Informatiounen, wat ee mat engem Terrain ka maachen, stinn an den Flächennotzungpläng vun de Gemengen, kuerz PAG. Am Inneministère gouf een neien informateschen Outil entwéckelt, fir d'Informatiounen aus deene PAGen automatesch kënnen ze liesen. Mëttlerweil hu genuch Gemengen ee PAG vun der neier Generatioun, déi esou eng digitaliséiert Lecture erlaben.

Deemno konnt den Inneministère elo eng nächst Etapp lancéiere fir ze iwwerpréiwen, ob déi geplangte Formel fir d'Berechne vum Terrainswäert an der Praxis dann och effektiv funktionéiert - notamment andeems déi berechent Wäerter mat de Maartwäerter verglach ginn:

"D'Grondsteier wäert net berechent ginn op de reelle Wäert vum Terrain, mee op ee standardiséierte Wäert. Fir datt dat fair a gerecht iwwer d'ganzt Land geschitt, musse mir de System, dee mir entwéckelt hunn, kalibréiere mat der Realitéit."

Wéi vill PAGe vun der neier Generatioun si prett?

Mee nach laang net all Gemeng huet schonn ee Flächennotzungsplang vun der neister Generatioun, dat heescht, déi de Virgabe vun engem Reglement vun 2011 entspriechen.

  • 32 Gemenge sinn nach an der Prozedur fir esou een neie PAG unzehuelen, wat e puer Joer kann daueren.
  • 13 Gemengen hunn déi offiziell Prozedur nach net lancéiert fir hire Flächennotzungsplang op deen neiste Stand ze setzen: siwen dovunner hunn nach d'Versioun vun 1937, sechs Gemenge hunn eng Versioun vun 2004.

Fir d'Gemenge mat enger ganz aler PAG-Versioun gëtt et eng Obligatioun de PAG ze erneieren - an zanter den Delai 2019 net méi verlängert gouf, gëtt et hei och en Drockmëttel: soulaang näischt geschitt, ass keng weider Ännerung um ale PAG erlaabt, an et dierfen och keng gréisser Bauprojeten iwwer e PAP méi autoriséiert ginn.

Wéini kann déi reforméiert kommunal Grondsteier erhuewe ginn?

Déi nei Steier kann eréischt erhuewe ginn, wann déi néideg Informatioune fir all Gemeng disponibel sinn, betount de Frank Goeders. Et misst een am Gesetz dann eventuell Iwwergangsbestëmmunge virgesinn, fir datt een an eenzele Fäll och ouni een neie PAG un déi néideg Donnéeë géif kommen, erkläert de Frank Goeders. Fir d'Gemenge mat engem PAG aus dem Joer 2004 wier dat relativ einfach: "Mee et ass vill méi schwéier bei deenen ale PAGen, déi op der Gesetzeslag vun 1937 baséieren."

Deemno stinn d'Gemengen Duelem, Sandweiler, Lenneng, Koplescht, Viichten an Ëlwen ënner Drock fir Flächennotzungspläng méiglechst séier ze erneieren. De Frank Goeders weist sech hei optimistesch:

"Ech denken, datt och déi lescht Gemengen an nächster Zäit an d'Prozedur ginn."

Mee och den informateschen Outil ass nach laang net operationell, betount de Frank Goeders. Wéini déi nei Grondsteier effektiv soll a Kraaft trieden, "ass eng politesch Decisioun, déi elo nach muss geholl ginn. Mee technesch ass et virun 2024 net realistesch."

Wéi héich gëtt déi reforméiert kommunal Grondsteier?

Bis ewell gëtt d'Grondsteier op Basis vun engem 80 Joer alen Eenheetswäert berechent. Offensichtlech sinn déi meescht Terrainen am Land haut méi wäert ewéi deemools.

Dat heescht awer net, datt d'Grondsteier fir d'Allgemengheet no der Reform muss klammen. Notamment wier ugeduecht den Haaptwunnsëtz méi favorabel ze traitéieren: "Mee wéi déi Abattementen oder Exemptioune sollen ausgesinn, kënne mir eréischt kucken, wa mir d'Simulatiounen elo maachen a mir och kënne kucken, wat dat an deenen eenzele Cas de figure bedeit."

Wéi vill Spillraum d'Gemengen hu fir den Taux vun der Grondsteier ze fixéieren, wier nach net entscheet, erkläert de Frank Goeders. Soulaang ee kee Wäert berechent hätt, wier et och ze fréi fir iwwer Tauxen ze schwätzen.

Wéi funktionéiert déi geplangten nei national Grondsteier?

Et wäert dann an Zukunft nieft der reforméierter kommunaler Grondsteier och eng nei national Grondsteier ginn. Dës Steier gëtt op der selwechter Basis berechent, kéint awer däitlech méi héich ausfalen ewéi déi kommunal Grondsteier. Zil dovunner wier et Bauterrainen ze mobiliséieren, erkläert de Frank Goeders:

"Do ass et virgesinn, datt den Taux progressiv gëtt. Dat heescht, een Terrain, dee kéint bebaut gi laut PAG an iwwer eng gewëssen Zäit net bebaut gëtt, da kritt een iergendwann eng national Grondsteier ze bezuelen. An déi gëtt dann iwwer d'Joren ëmmer méi héich fir den Drock ëmmer méi grouss ze maachen."

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi gréng hat d'Inneministerin Taina Bofferding geschriwwen, datt et nach ze fréi wier fir Tauxen ze definéieren. Et wier een am Gaangen ee "kritesche Seuil" ze definéieren.

Et misst een och juristesch préiwen, wéi héich esou eng Steier iwwerhaapt dierft sinn, ergänzt de Frank Goeders. Wéi vill Zäit d'Proprietäre kréie fir den Terrain ze viabiliséieren, misst och nach gekläert ginn.

Datt een Terrain an enger Prozedur ass geet dem Frank Goeders no net onbedéngt duer, well souguer wann eng Baugeneemegung erdeelt ass, wier dat net onbedéngt eng Garantie, datt och effektiv gebaut gëtt:

"Dat musse mir am Detail préiwen. Mee et wäert warscheinlech drop erauslafen, datt ee kuckt, ob den Terrain bebaut ass oder net."

Wat ass d'Zil vun der geplangter neier Leerstandssteier?

Zousätzlech zur Reform vun der kommunaler Grondsteier an zur neier nationaler Grondsteier plangt d'Regierung och eng "Leerstandssteier". Den Ament hunn d'Gemengen d'Méiglechkeet eng Steier ze erhiewen, wa Wunnengen eidel stinn. Well dat Instrument kee grousse Succès huet, soll déi Steier an Zukunft landeswäit gëllen. Un där Reform gëtt den Ament am Logementsministère geschafft.

De Premier Xavier Bettel sot dozou a senger Ried zur Lag vun der Natioun: "Fir datt an Zukunft net occupéiert Logemente méi staark besteiert kënne ginn, schafe mir e juristesche Kader fir een nationale Regëster, an deem all Wunneng am Land ageschriwwe gëtt, zesumme mat der Informatioun ob se bewunnt ass, oder net. Mat dësem Regëster, dee vun de Gemenge wäert alimentéiert ginn, kréie mir och endlech ee prezisen Iwwerbléck doriwwer, wat d'Wunnverhältnisser am Land sinn."