Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Culture The Kid - Bmw Golf

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nei Leit mat eranhuelen"

Jonk Gard vu blo-rout-gréng

"Nei Leit mat eranhuelen"

D'Taina Bofferding ass bis elo net gefrot gi fir Member an der nächster Regierung ze ginn. Dat sot d'LSAP-Politikerin an der Emissioun Riicht eraus. Si wier awer mat an d'Wahle vum 14. Oktober gaange fir "matzegestalten", sou d'Taina Bofferding op d'Fro, ob si dann interesséiert ass fir Ministesch ze ginn. Déi dräi Invitéeën hunn drop insistéiert, datt et wichteg wier, och jonk Politiker a Frae méi visibel ze maachen.

auto_stories

6 min

Hir Nimm si rezent an der Press ëmmer erëm a Verbindung mat engem méigleche Regierungsmandat genannt ginn - d'Sam Tanson (déi gréng), d'Taina Bofferding (LSAP) an de Lex Delles (DP) wollten awer net duerchblécke loossen, wéi hir politesch Zukunft genee kéint ausgesinn. Just souvill: si wiere bereet Verantwortung ze iwwerhuelen, soss wiere si net mat an d'Wahle gaangen.

Et wier de Moment nach ze fréi, fir iwwer Käpp ze schwätzen, sou déi generell Ausso. D'Prioritéit wier elo, datt ee gudde Koalitiounsaccord géif zustane kommen, sou déi dräi Invitéeën. Wëllt heeschen, sou d'Sam Tanson: "een Accord, deen den dräi Parteien hir Iddien erëmspigelt. Bei der Verdeelung vun de Poste si mir nach net".

Déi gréng Politikerin seet och, vun all deem, wat si bis elo an der Press gelies hätt, wier "zimlech vill Spekulatioun". Villes wier zum aktuellen Zäitpunkt "weder confirméiert nach zum Deel am Beräich vum Diskutéierten". Natierlech géif intern an de Parteien iwwer dës Froen diskutéiert ginn, mee et wier "nach näischt a Stee gemeesselt".

Koalitiounsverhandlungen: "Intensiv" a "spannend"

D'Taina Bofferding huet "Nee" geäntwert, op d'Fro, ob si gefrot gi wier, fir Member an der nächster Regierung ze ginn. Mee si seet och: "Ech sinn an d'Politik gaange fir Saache kënnen ze veränneren, fir kënne matzegestalten. Wéi ech mech kann abréngen, ergëtt sech eben aus der Méiglechkeet, déi sech offréiert". Si ass grad wéi de Lex Delles fir d'éischte Kéier bei Koalitiounsverhandlungen dobäi, eng "intensiv a spannend" Erfarung, wéi si seet.

Datt wéineg bis keng vun de Contenusfroen aus de Koalitiounsverhandlungen no baussen dréngt, wier evident, seet nach d'Sam Tanson: "Mir sinn am Gaang ze verhandelen, dat heescht mir hunn nach kee fäerdeg opgeschlossenen Text".

De Lex Delles huet rappelléiert, datt all opgeschlossenen Text aus engem Aarbechtsgrupp och nach eemol vun der Plenière muss ugeholl ginn. "An eréischt do gëtt gekuckt, wat als Text zeréckbehale gëtt. Dat heescht: och wann d'Aarbechtsgruppe fäerdeg sinn, heescht dat net, datt den Text ënnerschriwwen ass". De Lex Delles schwätzt iwwerdeems vun enger grousser Vertrauensbasis an den Aarbechtsgruppen. Et kéint een iwwer alles diskutéieren an et géif och jiddweree matschwätzen. Eng Altersfro wier dat net.

"Et muss ee permanente Prozess sinn"

D'Invitéen an der Emissioun Riicht eraus hunn allen dräi hir Carrière an de respektive Jugendparteien ugefaangen. Schlëssele fir de Succès ginn et der, hiren Aussoen no, e puer. Op där enger Säit steet dat perséinlecht Engagement, wat muss gi sinn. Op där anerer Säit d'Ënnerstëtzung vun der eegener Partei.

D'Taina Bofferding wënscht sech, datt grad dat an der LSAP méi géif gemaach ginn. Jonker solle méi matgeholl ginn, op Evenementer zum Beispill, fir selwer een Abléck ze kréien a sech een Netzwierk kënnen opzebauen. "Et ass net dramatesch, wann ee gestane Politiker sech engem Jonke muss unhuelen, au contraire, et ass eng Win-Win-Situatioun, well och de gestane Politiker vun engem Jonke ka léieren", sou d'Taina Bofferding. Si selwer krut 2014 bei den Escher Sozialisten no engem interne Vott net - wéi erwaart - d'Méiglechkeet fir Schäffen ze ginn, mam Argument, si wier nach ze jonk. Eng Episod, déi si als "onfair" a "frustrant" an Erënnerung huet.

Positiv wier, datt d'Partei virun de Wahlen hir Kommunikatiounsstrategie geännert hätt an, ënner anerem, manner bekannte Gesiichter mat an déi éischt Rei geholl hätt, zum Beispill op Pressekonferenzen. Mee si seet och: "Et geet net duer, dat just virun de Wahlen ze maachen, dat muss ee permanente Prozess bei eis an der Partei sinn". D'Taina Bofferding seet, si wier determinéiert doru matzeschaffen "an ech mengen och ganz vill aner Leit".

"Ouni de François Bausch ..."

De Lex Delles seet, säin Alter wier fir hien ni een Hindernis gewiescht. Hie fënnt et wichteg, eng gutt Mëschung ze fannen, tëschent al a jonk, an een Echange tëschent de Generatiounen ze fërderen. An der DP géif dat gutt klappen. De Lex Delles ass 2013, wéi hien als Deputéierten ugefaangen huet, ënner anerem vun Alexandre Krieps an der Anne Brasseur an d'Kulisse vun der Chamber ageweit ginn.

D'Sam Tanson seet, déi gréng hätte scho vill geleescht, wann et drëm geet, Jonker ze ënnerstëtzen. Déi jonk gréng wieren an alle Gremie vun der Partei staark vertrueden, et géif vill op si gelauschtert ginn, an et géif vill geschafft ginn, fir hinnen eng Visibilitéit ze ginn - wat am lëtzebuergesche Wahlsystem extrem wichteg wier. Um Wahlresultat wier och ze gesinn, datt deen Asaz Friichte géif droen.

Wichteg wier och, datt jonk Kandidate vu méi erfuerene begleet ginn. D'Sam Tanson selwer seet: "Ouni de François Bausch géif ech haut net hei setzen". Genee déi Erfarung géif si motivéiere fir de Jonken, déi no hir kommen, och eng Ënnerstëtzung ze ginn.

"Et geet net duer eng Fra op der Lëscht ze hunn"

Zwielef vun den 60 direktgewielten Deputéierten an der Chamber si Fraen. Dat si bal fënnef Prozentpunkte manner wéi 2013. De Lex Delles beschreift sech selwer net als "Frënd vun enger Quot". Hie mengt awer och net, datt een aus dem Resultat vun Oktober 2018 definitiv Schlëss sollt zéien. D'Präsenz vu Frae misst och an de parteiinterne Strukture grad wéi op Gemengenniveau gestäerkt ginn.

Fir d'Sam Tanson ass et "mat dat deprimanst un dësem Wahlresultat", datt sou wéineg Fraen direkt an d'Chamber gewielt goufen. Si ass sech och net sou sécher ob d'Quot, déi fir d'Kandidatelëschten agefouert gouf an dëst Joer fir d'éischte Kéier gegraff huet, duergeet. "Et geet net duer eng Fra op der Lëscht ze hunn, et muss ee si och ënnerstëtzen". D'Sam Tanson plaidéiert doriwwer eraus fir paritéitesch Lëschte bei de Gemengewahlen, d'Plus-value dovu wier enorm, sou déi gréng Politikerin. Véierzeg Prozent vun de grénge Gemengemandatairë si Fraen.

Parteiintern Kandidatur: Bofferding net interesséiert

Bei der LSAP ass de 14. Oktober keng Fra direkt an d'Chamber gewielt ginn, 2013 war et just eng, déi direkt erakoum. An der Tëschenzäit wier net systematesch genuch versicht ginn, Frae méi visibel ze maachen. "Et geet net duer, d'Fraen am Wahlkampf an d'Arena ze schécken, mee dat muss een och virdru maachen. Den Opbau ass eben eppes, wat méi laang dauert, dat ass net eppes, wat ee just zwee Méint virun de Wahle mécht", sou d'Taina Bofferding, déi och fuerdert, datt Frae parteiintern méi visibel ginn.

Op d'Fro, ob si interesséiert ass, fir am Kader vun der struktureller Erneierung vun der Partei fir de Poste vum President oder dem Generalsekretär ze kandidéieren, seet si allerdéngs: "Nee". Si wier als Escher Gemengeréitin, Presidentin vun der Escher Sektioun an eventuell Deputéiert ausgelaascht a géif gär anere Leit Plaz loossen. "Mir mussen nei Leit mat eranhuelen, sou d'Taina Bofferding, "an d'Partei méi breet opstellen".