Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Majoritéiten, nei Bündnisser?

Auslandschronik

Nei Majoritéiten, nei Bündnisser?

Am Hierscht gëtt an dräi ost-däitsche Bundeslänner gewielt - an all dräi Regierungen dierften hir Majoritéit verléieren. Ob sech duerno regierungsfäeg Koalitiounen zesummefannen, ass onkloer. Mee d'Parteien sollte sech gutt iwwerleeën, wéi se géint d'AfD wëlle virgoen.

auto_stories

2 min

Matthias Kirsch

Wann um Owend vum 1. September d'Wahlresultater aus den ostdäitsche Bundeslänner Brandenburg a Sachsen iwwer d'Televisiouns-Ecranen lafen, dann ass et gutt méiglech, datt déi rietspopulistesch AfD zweemol als Gewënner do steet. A wann Enn Oktober dann an Thüringe gewielt gëtt, dann ass et gutt méiglech, datt d'Resultat genee dat selwecht ass. Well am Landtagswahl-Hierscht 2019 ass d'AfD mëttlerweil an der Pole Position - an dat, wat sech bei de Bundestagswahlen 2017 a bei der Europawahl am Fréijoer ugedeit huet, kéint dësen Hierscht Realitéit ginn.

Datt d'AfD an allen dräi Bundeslänner an de Sondage ganz uewen matspillt, dat mat Pronosticke vun 20 bis 25 Prozent, ass vir d'politesch Konkurrenz vun CDU, SPD, Gréngen a Lénken eng schlecht Nouvelle: Net just, datt eng Partei, déi am Oste vun Däitschland nach däitlech méi radikal Astellunge vertrëtt wéi am Westen, kéint stäerkste Kraaft ginn an domat Uspréch op eng Regierungsbedeelegung kéint erhiewen.

Virun allem sinn d'Verhältnesser parallel zur staarker AfD därmoosse komplizéiert, datt keng vun de klassesche Koalitioune méi eng Majoritéit kritt.

Schwéier Majoritéitsverhältnisser

Huele mir d'Beispill Sachsen, wou am Moment d'CDU mam Michael Kretschmer zesummen an enger Grousser Koalitioun mat der SPD féiert. An de Sondagë kënnt dat Bündnis nach op knapps 35 Prozent. Gläichzäiteg dierften CDU an AfD zesummen iwwer 50 Prozent vun de Stëmme kréien, donieft kéint d'Lénkspartei och nach gutt 15 Prozent huelen. Well d'CDU-Spëtzt a Sachsen awer weder mat der AfD, nach mat Lénken oder Gréngen wëllt kooperéieren, dierft et quasi onméiglech sinn, un der Muecht ze bléiwen.

An op deem Punkt mussen d'Parteien, am Fall vu Sachsen d'CDU, sech gutt iwwerleeën, wéi ee Präis si bereet sinn ze bezuelen, fir d'AfD sou roueg wéi méiglech ze halen. Well wann et no der Wahl heescht: un der Muecht bléiwe mat der AfD, oder d'Muecht verléieren ouni; da kann et gutt sinn, datt d'Basis awer Richtung AfD luusst - besonnesch eng Basis, déi a Sachsen op sou muncher Plaz e gutt Stéck méi riets steet wéi d'Parteispëtzt zu Berlin.

Zu wéi engem Präis?

De sächsesche Ministerpresident Kretschmer wäert sech also gutt iwwerleeën mussen, op hien a Sachsen net vläicht awer déi Gréng mat an d'Boot wëllt huelen - eng Partei, déi hien an der Vergaangenheet eng "Verbuetspartei" genannt huet.

D'Alternativ wier soss eng Minoritéitsregierung - e Modell, an deem all Deputéierten ëmsou méi Afloss huet. An engem Parlament, wou e Véierel vun den Deputéierten aus dem carrement rietsradikale Fligel vun der AfD kommen, ass dat keng gutt Iddi.