Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Mesurë bis den 10. Januar

Corona-Pandemie

Nei Mesurë bis den 10. Januar

Fir d'Spideeler ze entlaaschten, huet d'Regierung nei Mesuren decidéiert. Net-essentiell Geschäfter musse vum 26. Dezember bis den 10. Januar zoumaachen. De Couvre-feu soll scho vun 21 Auer u gëllen.

auto_stories

2 min

Zil vun den neie Mesurë wier et d'Spideeler ze entlaaschten an den Tracing erëm méiglech ze maachen, esou de Staatsminister Xavier Bettel virun der Press. Dat kéint nëmme geschéien, wann d'Zuel vun den Neiinfektiounen erof géif goen.

De Regierungsrot huet dofir dës Mesuren zeréckgehalen:

  • All net-essentiell Geschäfter musse bis den 10. Januar zoumaache
  • De Couvre-feu soll scho vun 21 Auer u gëllen (amplaz vun 23 Auer wéi bis elo)
  • Teletravail iwwerall do, wou et méiglech ass
  • D'Schoule sollen d'Woch no der Chrëschtvakanz erëm am Homeschooling funktionéieren
  • D'Crèchë solle vum 28. Dezember bis den 10. Januar zoubleiwen
  • All parascolaire Aktivitéite bleiwen zou
  • De Congé fir raisons familiales gëtt erëm ageféiert
  • Consommatioun vum Alkohol an der Ëffentlechkeet gëtt verbueden
  • Sport ass just nach am private Kader erlaabt
  • Avertissement taxés gi verduebelt

Den Horesca-Secteur soll weider bis de 15. Januar zoubleiwen, Takeaway soll awer weiderhin erlaabt sinn.

Nodeems haut d'EI-Kommissioun den Impfstoff vu Pfizer/BioNTech zougelooss huet, sollen den 28. Dezember déi éischt Impfunge an der Victor Hugo Hal ulafen. An der éischter Phas soll d'medezinescht Personal geimpft ginn, Enn Januar soll et um Personal aus Alters- a Fleegeheemer sinn.

Déi ganz Mesurë mussen nach an der Chamber gestëmmt ginn.