Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Mesurë géint d'Corona-Pandemie sollen haut ëm Mëtternuecht a Kraaft trieden

Gesetzestext

Nei Mesurë géint d'Corona-Pandemie sollen haut ëm Mëtternuecht a Kraaft trieden

Déi nei Mesuren a Restriktiounen am Kampf géint d'Corona-Pandemie - dorënner d'Ausgangsspär nuets - sollen haut Donneschdeg ëm Mëtternuecht a Kraaft trieden. Dat confirméiert de Mars Di Bartlomeo am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

D'Konditiounen dofir sinn, datt Gesetzprojet fir d'Ofännerung vum Covid-Gesetz wéi virgesinn de Mëtteg no zwou Auer an der Chamber gestëmmt gëtt, de Staatsrot d'Dispens vum zweete Vott gëtt an den Text nach haut verëffentlecht gëtt.

D'Chamber-Gesondheetskommissioun huet hir Aarbechten de Moien ofgeschloss: de Rapport gouf ugeholl. Dobäi wier dem Gros vun de Remark vum Staatsrot Rechnung gedroe ginn, esou de Mars Di Bartolomeo.

"Mir hunn déi hei Moossnamen elo ficeléiert. An da gi mer dovun aus, datt déi hei Moossnamen, wa mer zesummen ze upaken an eng gewëssen Zäit op d'Zänn bäissen, dass mer eis hoffentlech kënnen erspuere wat am Ausland am Moment decidéiert gëtt a wou d'Kollateralschied wesentlech méi grouss si wéi dat wat mer elo maachen."

Beim Vott vum Rapport an der Santés-Kommissioun de Moien huet d'CSV-Fraktioun sech enthalen, esou den Deputéierte Claude Wiseler.

"Mir sinn der Meenung, datt souwisou déi hei Moossname vill ze vill spéit kommen. Dir wësst, datt scho viru 14 Deeg am Etat de la Nation respektiv an de Kommissiounssitzungen, déi mir haten, vun eis eng Rei supplementar Moossname gefrot gi sinn. Hei si Moossnamen, déi viru 14 Deeg Sënn gemaach hätten. Mir mengen, datt se elo depasséiert sinn."

Zu den neie Mesuren, déi elo sollen agefouert ginn, gehéiert nieft der Ausgangsspär nuets ë.a. de Verbuet vu Rassemblementer mat iwwer 100 Leit. Donieft soll et ë.a. eng Limitatioun vu Clienten a gréissere Geschäfter ginn an eng verschäerfte Maskeflicht. Et gëllen och méi héich Sanktioune wéi bis elo.