Logement Nei Mesuren am Beräich vun de Logementspräisser: Wéi effikass si se?

D'Regierung ass an de leschte Wochen a Saache Logementspräisser aktiv ginn: D'Grondsteier gëtt reforméiert, et kënnt en neit Gesetz iwwer de "bail à loyer", a mat enger Mobiliséierungstax solle Bauplazen, déi brooch leien, hirem Zweck zougefouert ginn. Déi ugekënnegt Mesurë ginn net wäit genuch fir d'Wunnengskris ze léisen, seet den Direkter vu der Agence Immobilière Sociale, de Gilles Hempel.

Jacques Ganser / sam

Logement
Symbolbild. Foto: Bigstock / FreedomTumZ

Lauschteren


Hien hätt sech fir d'éischt richteg gefreet, wéi hien den Text iwwer den neie bail à loyer mat enger Grenz vun 3,5 Prozent vum investéierte Kapital gesinn hätt, esou de Gilles Hempel, den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale.

Mee déi Freed wier him awer beim Norechnen den Dag drop nees vergaangen:

"Do ass mir do deen neie Koeffizient opgefall, mat deem am Fong dat historescht capital investi einfach kënstlech nees méi héich gerechent gëtt. An domadder gëtt déi scheinbar Baisse vu 5 op 3,5 Prozent [...] am Fong nees neutraliséiert."

Taxe wieren ze niddereg

Et wier scho richteg, d'Proprietäre finanziell ze encouragéiere fir hier Terrainen, respektiv hier Wunnengen, fräi ze ginn. Den Hoke bei der Saach wier awer, datt déi nei Taxen esou niddereg sinn, datt et fir d'Proprietären dacks méi interessant ass fir ofzewaarden an op weider klammend Präisser ze setzen.

Grondsätzlech wier d'Approche also gutt, esou de Gilles Hempel, mee d'Montante bei der Tax op eidele Wunnengen an op eidelen Terraine wiere vill ze vill niddereg:

"U sech missten déi Taxe mindestens dat duebelt vun der Plus-Value sinn, déi d'Leit ob hirem Objet, ob hirem Spekulatiounsobjet maachen, fir si och vun där Spekulatioun ofzehalen."

Drastesch Mesurë gebraucht fir aus der Wunnengskris eraus

D'Wunnengskris misst onbedéngt geléist ginn, seet de Gilles Hempel. Den Direkter vun der AIS plädéiert an deem Kontext och fir méi drastesch Mesuren, wann ee wierklech aus der Kris wéilt erauskommen:

"[...] da musse mir de Wunnengsmarché reguléieren. D'Leit musse kënne wunnen a vum Rescht kënne liewen, well soss fäerten ech hält eis Gesellschaft net méi laang zesummen."

Dat beschte Beispill dofir wiere seng eege Clienten: Eigentlech sollten déi iergendwann nees zeréck an de sougenannten éischten, also regulären, Marché zeréck bruecht ginn. Ma dat géif ëmmer méi schwéier ginn.

Méi zum Thema

Steieren
Pressekonferenz

Wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, gëtt d'Grondsteier reforméiert - éischt Detailer goufen de Moien presentéiert. D'Reform soll e weideren Hiewel sinn, fir d'Logementspräisser an de Grëff ze kréien.

Henri Kox, ministre du Logement
Logement

Mat enger Serie vun Amendementer huet de Logementsminister Henri Kox d'Gesetz iwwer d'Mietverträg ugepasst. Virgeholl gëtt ënner anerem eng Revisioun vum legale Plaffong vun de Loyeren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen