Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Pressehëllef wäert Repercussiounen hunn

Geschriwwe Press zu Lëtzebuerg

Nei Pressehëllef wäert Repercussiounen hunn

Pressevertrieder begréissen d'Pläng fir déi nei staatlech Pressehëllef. De System, deen zanter iwwer 40 Joer gëllt, hätt net d'Qualitéit gefërdert, mee d'Quantitéit u gedréckte Säiten, esou de Constat an der Emissioun Riicht eraus.

auto_stories

3 min

Mike Koedinger, Josée Hansen a Jean-Lou Siweck

Déi vun der Regierung geplangte Reform soll d'Unzuel u Journalisten an de Redaktioune subventionéieren (55.000 Euro pro Journalist mat enger Pressekaart). "Wa mer déi Sue kréien, wëlle mer méi astelle fir méi Qualitéit ze maachen", esou de Mike Koedinger, Haaptaktionär vu Maison Moderne. Seng Redaktioune wieren ënnerbesat, an d'Aarbechtslaascht wier héich.

Maison Moderne ënner de Gewënner

Den Editeur krut bis 2017 guer keng Pressehëllef. Zanterdeem kritt d'Editiounshaus fir Paperjam an Delano eng Onlinehëllef vun am Ganzen 200.000 Euro. Mat der reforméierter Pressehëllef a mat de Montanten, déi am Avant-projet de loi vum Medieminister Xavier Bettel (DP) stinn, kéint Maison Moderne op Subventiounen an Héicht vun iwwer 1,5 Milliounen Euro kommen, huet de Mike Koedinger confirméiert.

Och d'Gratiszeitung L'essentiel wäert vun der Reform profitéieren, well d'Gratispress bis elo vun der Pressehëllef ausgeschloss war, an Zukunft awer soll eligibel sinn.

"Mécht et méi einfach sech unzepassen"

"Vun alle méigleche Weeër ass den ugeduechte Krittär vun der Unzuel u Pressekaarten an de Redaktioune warscheinlech dee Beschten", esou de Jean-Lou Siweck, Direkter vun Editpress, Editeur vum Tageblatt a Co-Aktionär vu L'essentiel. Wann d'Zeitunge wëllen nei Lieser gewannen, misste se ophale vill ze produzéieren, mee och mol de Courage hu méi opwändeg Recherchen um Terrain ze maache fir Plus-valuen ze schafen. Den aktuelle System, an deem de Volume u gedréckte Säiten ënnerstëtzt gëtt, géif et méi schwiereg maache fir sech unzepassen.

D'Pressevertrieder si sech awer eens, datt de Presserot an Zukunft bei der Attributioun vu Pressekaarte méi Responsabilitéit huet, well direkt staatlech Gelder drun hänken. Do muss ee sech nei Reegele ginn, esou ënner anerem d'Josée Hansen, Chefredactrice vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land.

De Jean-Lou Siweck mengt, ouni Pressehëllef wier zu Lëtzebuerg Plaz fir 1-2 Dageszeitungen an eng Gratiszeitung. Lëtzebuerg wier e klengen Zeitungsmarché, deen et schwiereg géif maachen, finanziell iwwer d'Ronnen ze kommen, esou de Message vun der Josée Hansen.

Manner Sue fir de Lëtzebuerger Journal?

Allerdéngs kéint déi DP-no Dageszeitung Lëtzebuerger Journal vun der geplangter Reform benodeelegt ginn. "Ech géif et extrem komesch fannen, wa just ënner enger liberaler Regierung déi liberal Zeitung géif verschwannen. Sou datt ech schonn denken, datt iergendeen am Ministère sech dem Lëtzebuerger Journal wäert erbaarmen." Et wier evident, datt d'Reform wäert Repercussiounen hunn an engem scho schwierege Kontext. Do kéint d'Regierung nach géigesteiere fir deene klengen Zeitungen e bësse méi Subventiounen ze ginn, fir datt se net verschwannen. Diversitéit wier wichteg.

E Problem fir d'journalistesch Onofhängegkeet gesäit d'Land-Chefredactrice net: Et sinn net dem Minister seng Suen, mee dem Steierzueler seng, esou d'Josée Hansen.

Maximal 12 Milliounen

2018 huet de Staat eng direkt Pressehëllef an Héicht vu ronn 8,2 Milliounen Euro ausbezuelt. Mam neie Regime wäerte méi Acteure kënnen an de Genoss vun de Subventioune kommen: den ale Regime hätt probéiert de Status Quo ze verteidegen. Den neie Regime géif et méi einfach maache fir nei Acteure fir drënner ze falen, esou de Message vum Jean-Lou Siweck.

Den Avant-Ppojet de loi vum Medieministère, deen nach an der Diskussioun ass, gesäit e maximale Plaffong vun 12 Milliounen Euro d'Joer vir. Gëtt deen iwwerschratt, soll d'Pressehëllef pro Redaktioun proportionell reduzéiert ginn. De Prinzip vun engem maximale Plaffong ass ee vun de Punkten, iwwer dee verschidde Medienhaiser nach wëlle mat der Regierung diskutéieren.