"Des cartes et des chiffres" Nei Publikatioun vum Ministère fir Landesplanung

Pro Joer gëtt d'Surface vun 240 Futtballterrainen hei am Land verbaut, d'Hallschent dovunner gëtt komplett versigelt - dat heescht, et ka kee Waasser méi an de Buedem ofzéien. Dat ass ee vun de Fakten, déi de Ministère fir Landesplanung a senger neier Serie "Karten an Zuelen" verëffentlecht huet.

Jacques Ganser / sam

Kadaster Bauen
Symbolbild. Foto: Bigstock / AndreyPopov

Lauschteren


Mat sengen neien, reegelméissege Publikatioune wëll de Ministère faktuell iwwer Landesplanung an virun allem dem rationellen Ëmgang mat der Ressource Land informéieren.

De Lëtzebuerger Buedem ass mat sengen 2.586 Quadratkilometer eng limitéiert Ressource, mat neien technesche Methoden a spezielle Loftopnamen ass et elo nach méi präzis méiglech de Landverbrauch ze berechnen an virun allem ze antizipéieren.

Déi éischt Publikatioun beschäftegt sech mat Landbedeckung an Landnotzung zu Lëtzebuerg.

Éischt Publikatioun: Landbedeckung a Landnotzung

Hei stellt ee fest, datt just e bësse méi wéi en Drëttel vun der ganzer Landfläch aus Bësch bestinn, en aneren Drëttel aus Wisen a Weeden. Natierlech Flächen ausserhalb dem Bësch, déi net landwirtschaftlech genotzt ginn, maache grad emol 1,86 Prozent aus.

Knapp fënnef Prozent vun der Landesfläch gi vu Wunnhaiser beluecht, knapp véier Prozent ginn op d'Käschte vu Stroosseninfrastruktur. Ronn d'Hallschent vun der Landesfläch gëtt fir landwirtschaftlech Zwecker genotzt.

Gekuckt gouf awer och no der Versigelung: 6,8 Prozent vun der Landesfläch sinn esou zoubetonéiert oder goudronéiert, dat se kee Reewaasser duerch loossen. Informatiounen, déi och fir d'Berechne vum Iwwerschwemmungsrisiko wichteg sinn.

Bleift de Landverbrauch: am Schnëtt gi 170 Hektar Land d'Joer verbraucht, dat sinn 5.000 Metercarré den Dag.

Méi zum Thema

Pascale Junker Meenung
Fräie Mikro

Zu Lëtzebuerg gëtt gebaut an ofgerappt wéi benzeg. Ob dat gutt oder schlecht ass, doriwwer streide sech d'Gemidder. Wéi steet et dann ëm de Buedemverbrauch zu Lëtzebuerg, freet sech d'Pascale Junker.

Claude Turmes
Neien Ulaf fir d'Plans sectoriels

An dësem Ulaf soll et klappen. Déi sektoriell Pläng fir eng méi kohärent Landesplanung kéinte geschwënn a Kraaft trieden. Endlech, seet de Landesplanungsminister Claude Turmes (déi gréng).

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen