Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Reegele fir Ministeren an héich Beamten

Deontologie

Nei Reegele fir Ministeren an héich Beamten

Et ginn elo prezis deontologesch Reegelen, un déi Ministeren an héich Beamte sech hei am Land sollen halen. Den Donneschdeg sinn déi deementspriechend Texter am Mémorial publizéiert ginn. De Maurice Molitor huet sech déi zwee groussherzoglech Arrêtéë méi genee ugekuckt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Et gi kleng Ënnerscheeder, virun allem ganz vill Parallellen tëscht deenen zwee Texter. (1, 2) Egal ob Minister oder héije Fonctionnaire. An Zukunft gëtt méi Transparenz vun hinne verlaangt. Wou respektiv fir wien hu se an de leschten zéng Joer geschafft? Wéi eng professionell Aktivitéit huet hire Partner / hir Partnerin? Wéi ass et mat Aktien an Entreprisen? Mat Immobilien? Jo, a mat Schold? All Prêt vu méi wéi 100.000 Euro, deen näischt mat der eegener Wunneng ze dinn huet, muss gemellt ginn. All déi Informatioune gi vun engem Ethik-Comité analyséiert, deen de Premier dann op eventuell Interessekonflikter hiweist. Se ginn, am Fall vun de Ministeren, och zum Deel publizéiert.

Obligatoresch Formatiounen

Nei ass och, datt Regierungsmemberen an héich Beamte Formatioune maache mussen - déi éischt eng pro Legislatur, déi zweet eng all Joer - zu Theme wéi Rechter a Flichten, Ethik oder Korruptiounsbekämpfung. Se musse präzis Buch féieren iwwer hir Entrevuë mat Intressevertrieder. Et gi strikt Reegele wat den Ëmgang mat Cadeauen ubelaangt.

Net obligatoresch Reegele fir nom Mandat

Et ginn och Reegelen agefouert fir déi Zäit nom Mandat. An déi gi ganz wäit. Den Ethik-Comité muss net nëmmen iwwer déi berufflech Pläng vum Ex-Minister oder fréieren Top-Beamte au Courant gehale ginn, e kann déi Pläng fir net gutt befannen, an am Fall vum Minister recommandéieren, eng bestëmmt Plaz net unzehuelen, well et evidenterweis en Interessekonflikt. Wee sech nawell doriwwer ewech setzt riskéiert zwar keng juristesch Suite, moralesch huet e sech awer an aller Ëffentlechkeet diskreditéiert.