Corona-Pandemie Nei Restriktiounen

Well de Coronavirus am Gaange wier sech queesch duerch d'Land ze verbreeden, wëllt d'Regierung nei Restriktiounen aféieren. D'Zuel u Leit, déi een doheem empfänke kann, soll nees op 10 limitéiert ginn. Persounen, déi sech net un d'Quarantän halen, solle kënne bestrooft ginn. Eng Sensibiliséierungs-Campagne soll an d'Weeër geleet ginn.

Claude Biver a Jean-Claude Franck

Regierungsrot
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Nom ausseruerdentleche Regierungsrot e Sonndeg den Owend huet d'Regierung nei Amendementer um Covid19-Gesetz ugekënnegt.

  1. Et soll ee just nach zéng Leit, an net méi 20 Leit doheem empfänke kënnen, zousätzlech zu de Leit, déi am Haus wunnen. Dat gëllt fir baussen a bannen. Well d'Police net ka bei Leit doheem kontrolléieren, kéint se awer virun der Dier stoen a kucken, wéi vill Leit eran an eraus ginn, esou de Xavier Bettel (DP). De Premier appelléiert un de "gesonde Mënscheverstand".
  2. All aner Rassemblementer (nieft deenen doheem), op deene méi wéi zéng Leit sinn, si just méiglech wann d'Leit sëtzen an d'Gestes barrières anhalen. Bis elo hunn déi Critèrë réischt vun iwwer 20 Persounen u gegollt.
  3. Fir d'Leit un d'Gestes barrières ze erënneren an opzeklären, soll eng grouss Informatiouns-Campagne lancéiert ginn.
  4. D'Regierung wëll nei Sanktiounen aféieren. Zum Beispill fir Leit, déi sech net eng Quarantän halen. Et sollen och méi Kontrollen a Betriber ginn. Sollte si e puer mol géint d'Uweisunge verstoussen, solle si an Zukunft eng Fermeture vun dräi Méint riskéieren.

Horesca: Keng nei Restriktiounen

Bei der Horesca wëllt d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP) keng nei Restriktiounen aféieren. "Et gëtt keng Ursaach, do un ze setzen." Et wier wichteg, méi ze sensibiliséieren.

Et géif een net dovunner ausgoen, datt d'Leit sech am Restaurant ustiechen. D'"Ausuferungen" ronderëm d'Bistroe géif een an de Grëff kréien.

Analogen Tracing "ass elo ze packen"

D'Ekipp vum analogen Tracing kéint der Aarbecht elo erëm nokommen. Et si Leit agestallt ginn, mee et wieren Dausende vu Kontakter, seet d'Paulette Lenert. Et wier een awer um Limitt gewiescht. Et kéint een awer keng maximal Zuel nenne wéi vill Neiinfektioune pro Dag kënne retracéiert ginn. Aner Saache wiere wichteg, zum Beispill wéi séier d'Kontakter kënne retracéiert ginn.

De Xavier Bettel seet, datt Gespréicher mam Robert Koch Institut weiderlafen, fir eventuell eng komplementar App fir Lëtzebuerg ze kréien.

Séiere Vott an der Chamber?

D'Chamber soll d'Amendementer um Covid-Gesetz dëse Méindeg schrëftlech matgedeelt kréien. De Premier hofft, datt d'Chamber an de Staatsrot déi Ännerunge séier guttheesche fir datt d'Hausse vun den Neiinfektioune vum Coronavirus nees erofgeet. D'LSAP hat virum Weekend gemengt, den nächsten Donneschdeg, den 23. Juli, kéint an der Chamber schonn iwwer nei Restriktiounen ofgestëmmt ginn.

Méi zum Thema

Ministère de la Santé Exklusiv
Kampf géint de Coronavirus

Am Kampf géint déi zweet Well u Corona-Infektioune waren d'Santé an de Gesondheetsministère eise Recherchen no net optimal opgestallt. Bei den Haaptinstrumenter goufen et Retarden, deenen nach ëmmer hannendru gelaf gëtt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen