Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plaidoyer fir eng grondsätzlech Debatt

Terrorismus

Plaidoyer fir eng grondsätzlech Debatt

Déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter fuerdert wéinst der Kritik un den neien Anti-Terror-Mesurë eng Diskussioun iwwert dee richtegen Equiliber tëscht Sécherheet a Fräiheet. D'selwecht wéi den LSAP-Fraktiounschef hält si eng Nobesserung vum Geheimdéngschtgesetz fir néideg.

auto_stories

3 min

(Archiv-Foto)

Déi geplangte nei Mesurë fir d'Terrorismus-Bekämpfung mussen nach präziséiert ginn, seet déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter. Dat nodeems de Staatsrot an engem kriteschen Avis eng Rei Awänn géint de Projet vum grénge Justizminister Félix Braz formuléiert huet.

D'Police Judiciaire soll fir hir Enquêten am Beräich vun der Terrorbekämpfung nei Méiglechkeete kréien: Dorënner d'Installatioun vu Mikroen a Privatwunnengen, d'Enquête ënner Pseudonym um Internet, den Asaz vun engem Staatstrojaner fir d'Iwwerwaache vun digitale Geräter.

Grondrechtskonformitéit garantéieren

De Staatsrot hätt dës Mesuren net prinzipiell a Fro gestallt, betount d'Viviane Loschetter, déi viraussiichtlech Rapportrice vum Gesetzprojet gëtt. "Mee e seet, datt et effektiv vill méi präzis misst nidder geschriwwe ginn. Fir datt et och kloer ass, bis wéi wäit ee ka goen a wéi eng Konditioune mussen a priori an och herno a posteriori mussen erfëllt ginn."

D'Justizkommissioun an der Chamber hätt elo decidéiert, datt een op "Feedback" vum Justizministère waart. De Minister hätt hir verséchert, datt hien "efficace Äntwerten" op déi vum Staatsrot erwäänte Punkten ze fannen. Hie wéilt sech den Erausfuerderunge stellen, "fir datt keen Zweiwel méi kann doru bestoen, datt mir iergendwéi net 'en règle' wieren mat Mënscherechter."

Wéi eng Mesurë sinn néideg?

De Félix Braz hat zejoert schonn zwee Mol Ännerungen zum Gesetzprojet deposéiert. Der Viviane Loschetter no sinn elo sécherlech nach zousätzlech Amendementer néideg. Ob déi nees vun der Regierung kommen, oder dës Kéier aus der Chamber wier nach net decidéiert.

D'Viviane Loschetter wollt sech nach net festleeën, ob een eventuell och op eenzel Mesuren aus dem Gesetzprojet kéint verzichten. Den heite Gesetzprojet wier eng Äntwert op den Terrorismus, "an et ass ee Fait, datt den Terrorismus eben agéiert op Internet, op soziale Medien, wou et natierlech méi einfach deem entgéint ze wierken, oder op d'Spuer ze goen, wann een kéint mat méi intrusive Surveillancen a mat Ecouten awierken."

Mee wann déi Instrumenter net enk encadréiert wieren, kéint "dat effektiv wäit goen": "An do hunn ech selbstverständlech och meng Bedenken". Et misst een elo opgrond vun den Avisen zum Gesetzprojet kucken, wéi wäit ee kéint goen ouni d'Grondrechter unzepaken.

Dëse Gesetzprojet wier d'Geleeënheet eng Diskussioun doriwwer ze féieren, wéi eng Sécherheetsmesurë gebraucht ginn, a wéi se mussen encadréiert ginn. Laanscht esou eng Diskussioun kéim een och net, wann een elo eenzel Elementer aus dem Projet géif eraus huele fir se zu engem spéideren Zäitpunkt anzeféieren.

Geheimdéngscht: Selwecht Kritäre wéi PJ

Déi gréng Frakltiounscheffin ass och fir eng Nobesserung vum neie Geheimdéngscht-Gesetz, dat zejoert a Kraaft getrueden ass. De Kader fir den Asaz vun engem sougenannte "Staatstrojaner" kéint beim SREL net manner präzis sinn ewéi bei der Police Judiciaire, esou déi gréng Fraktiounschefin Viviane Loschetter.

D'Police Judiciaire soll, am Beräich vun der Terrorismusbekämpfung, d'selwecht wéi de SREL d'Méiglechkeet kréien, Computere vu Verdächtegen mat Hëllef vun enger Software auszespionéieren. Dofir wier awer ee präzise legale Kader néideg, huet de Staatsrot rezent an engem Avis geschriwwen. Déi hei gefuerdert Präzisioune feelen awer och am Geheimdéngschtgesetz.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry an den CSV-Deputéierte Gilles Roth hate sech d'lescht Woch scho fir eng Nobesserung vum Geheimdéngscht-Gesetz ausgeschwat.

Viviane Loschetterplay_arrow