Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Struktur fir Asyldemandeuren um Kierchbierg

120 Better

Nei Struktur fir Asyldemandeuren um Kierchbierg

Um Kierchbierg ass Enn Dezember eng weider Flüchtlingsstruktur vum Office national de l'accueil mat enger Kapazitéit vun 120 Better opgaangen. 44 Asyldemandeure wieren an Tëschenzäit an dat fonkelneit Gebai mat 24 Duschen, 29 Toiletten, sechs Kichen an engem Fitnessraum erageplënnert, esou den Ausseminister Jean Asselborn.

auto_stories

3 min

Déi nei Flüchtlingsstruktur um Kierchbierg.

Vun der neier Flüchtlingsstruktur "Kirchbierg 1" huet de Jean Asselborn gesot, hie wéilt, datt all d'Gebaier esou schéi wieren: "Da kéinte mir de Leit nach vill méi bidden ewéi dat, wat mir maachen."

E Gruppenzëmmer an der neier Struktur um Kierchbierg.

Eng Kichen an der neier Flüchtlingsstruktur.

Rezent Problemer an aneren ONA-Strukturen

Knapp zwee Kilometer ewech vun der neier Flüchtlingsstruktur steet de Bâtiment T. An dëser Struktur wieren et iwwer d'Feierdeeg Problemer mat den Heizungen an Dusche ginn. D'Leit hätten och e puer Deeg laang keen Drénkwaasser gehat, esou d'Kritik vun der ASBL LUkraine d'lescht Woch bei eis op der Antenn.

De Jean Asselborn hält dës Ausso fir e wéineg iwwerzunn a seet, datt iwwer Chrëschtdag am Bâtiment T näischt ausgefall wier:

"Dat Krunnewaasser war ni ofgebrach, dat huet ëmmer funktionéiert. Jiddereen huet e Gobelet kritt, jiddwereen huet e Bidon kritt dee reutilisable ass."

Eng Rei Problemer gouf et rezent och nach an anere Strukture vum ONA. Esou goufe Mëtt Dezember eng 470 Persounen aus der Zelt-Struktur Tony Rollman evakuéiert, well d'Heizunge bei den nidderegen Temperaturen un hir Limitte komm sinn.

Hal zu Miersch konnt nach net zougemaach ginn

Eng ëmtransforméiert Hal zu Miersch suergt och fir Opreegung. Déi wier aus kannerrechtlecher Siicht en absolute No-Go, hat den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher Mëtt November kritiséiert a gefuerdert, dës Struktur esou séier wéi méiglech zouzemaachen.

Dat ass awer bis ewell net geschitt, wéi den LSAP-Ausseminister eis op Nofro hi confirméiert huet. Et hätt een en Deel zu Miersch wëllen zoumaachen, mee et kéint een d'Leit net op d'Strooss setzen:

"Lues a lues kucke mir jo och fir Plazen ze kréien, mee mir kënnen och d'Leit net vu Miersch huele fir zwee Méint an an eng Hal, déi mir fir zwee Méint hunn. Dofir si mir jo mat anere Gemengen amgaang fir ze kucken, wéi mir dat kënne maachen."

Nei Kapazitéiten zu Hollerech

Et soll ënner anerem zu Hollerech am ale Creos-Gebai weider Kapazitéite geschaf ginn. Do wieren elo 56 Better, an duerch eng Annexe géife nach 20 Better bäikommen, erkläert de Jean Asselborn.

Dës Struktur kéint ab dem 23. Mäerz 2023 funktionéieren, an hei kéinten d'Leit dann och hir Hausdéiere matbréngen. Op den anere Site wier dat aus Sécherheets-an Hygiènesgrënn awer weiderhin net méiglech.